Ofstand halen a Social Distancing war zanter dem Fréijoer 2020 d'Reegel vun der Stonn, zanter de Virus sech verbreet an néiergelooss huet. Déi meescht hu vun hire Kolleegen an de Frënn op mannst zwou Aarmlängten Distanz gehalen, oder et huet een sech guer net méi perséinlech getraff. Do amplaz huet een a vill Fënstere gekuckt an sech Freed a Leed iwwer Videokonferenz geklot. Wéi liicht oder schwéier ass et dann elo nees de Frënn erëm méi no ze kommen, Michèle Schons?

16/05/2022 Wéi gesäit et mat de Frëndschaften aus, no zwee Joer Distanz?

Streng Kontaktbeschränkunge ginn et aktuell esou gutt wéi keng méi, ma trotzdeem ass et net fir jiddereen einfach elo nees Affektioun a Beréierung zouzeloossen an zu den ale Frëndschaften zeréckzefannen. D'Pandemie huet eppes Paradoxes. Wann an enger normaler Noutsituatioun d'Mënschen eigentlech méi no zesummeréckelen an zesummenhalen, huet et hei geheescht, wann der de Frënn eppes Guddes doe wëllt, dann trefft iech net méi. De Dr. Gilles Michaux, Psychotherapeut aus den Hopitaux Robert Schumann erkläert:

Hei hu sécherlech d'Senioren, ma och déi Jugendlech am meeschten drënner gelidden, eeler Leit fir déi de mënschlechen- a kierperleche Kontakt immens wichteg ass, wann een zum Beispill un d'Persounen denkt, déi altersbedéngt net méi esou gutt gesinn a wou d'Gefill vu Gebuergenheet vill iwwert d'Beréierunge vermëttelt gëtt. Oder och Studenten déi fort vun hirer Famill an hire Bekannte kaum nach d'Méiglechkeet hate fir nei Kontakter ze knäppen. De Kontakt iwwer Video kann aus psychologescher Sicht och ni de Kontakt face-à-face ersetzen.    

Op där anerer Säit war et och duerch de Mask ganz schwéier fir d'Emotioune vum Géigeniwwer z'erkennen. Hei beweisen Etüden dass ganz vill Männer Problemer haten fir d'Emotioune vum Géigeniwwer eleng an den Aen ofzeliesen. Bei de Videokonferenzen ass et net méiglech e gudden Aekontakt ze behalen a gläichzäiteg op de Schierm ze kucken, wat och d'Qualitéit vun de sozialen Echangë reduzéiert. 

Etüden hunn och erausfonnt, dass et grad bei Bildschiermkontakt zu manner Aktivitéit am Gehier kënnt, virun allem an deene Beräicher déi fir eise Belounungssystem responsabel sinn, wéi wann een der Persoun physesch géigeniwwer sëtzt. Och den Oxytozin, dee bei enke soziale Kontakter fräigesat gëtt, dee fir Kontakter, Frëndschaften a familiär Bindunge suergt, woufir een deen Hormon och nach "Kuschelhormon" nennt, gëtt manner staark ausgeschott, wann den Austausch net onmëttelbar, ma just iwwert e Medium wéi Computer oder Telefon passéiert.

RTL

© pixabay

Wéi staark den Nohaltegen Impakt vun dëse sozial psychologesche Verännerunge wäert sinn, ass den Ament nach schwéier virauszegesinn, ma et ass ville Leit an de leschten zwee Joer kloer ginn, wéi wichteg dat soziaalt Mateneen awer eigentlech ass.

Bei munche Ritualer, do gesäit ee schonn, dass verschidde Leit nees d'Geste wéi virun 2 Joer iwwerhuelen, an dass se nees d'Hand ginn, oder eng Ëmäerblung, well dat fir si och de Retour zur Normalitéit symboliséiert, wärend fir anerer déi "safe" Alternative bäibehale ginn an sech weider duerch e Kappnécke Moie gesot gëtt. Dat selwecht gëllt och fir déi sozial Kontakter, déi no der Pandemie nees nei gestréckt musse ginn, oder déi duerch ënnerschiddlech Usiichten a Punkto Impfung en irreparabele Schuet geholl hunn.

Vläicht gëtt et bei muncher engem awer och schonn nei Liblingsplazen, oder nei Frënn am Liewen. Net all Frëndschaft ass eng wierklech Bommefest Relatioun, déi et wäert ass erhalen ze bleiwen, esou muncht Mateneen war einfach just nach Gewunnecht. Dat mécht engem dann nees Plaz am Liewen fir nei Méiglechkeeten.     

Grad fir jonk Mënschen si Frëndschafte méi wichteg wéi eng Fräizäitbeschäftegung. Besonnesch fir d'Entwécklung vun der Perséinlechkeet, a wéi ee seriö Problemer zesumme meeschtert, oder och als Basis fir eng romantesch Relatioun spéider. 

RTL

© pixabay