Op an der Loft, am Waasser oder am Buedem, Insekte fanne mer iwwerall. Si sinn duerch hir Existenz a Leeschtung fir de Mënsch an eist Ökosystem vun enormem Wäert. A vill Aarte sinn an hirer Existenz bedréit. Haut ass d'Michèle Schons fir d'Bestëbser ënnerwee. Ziel eis mol méi?

20/05/2022 B&B Action Weeks - Bed and Breakfast fir eis Bestëbser

De Ministère fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung, an Zesummenaarbecht mat senge Partner, Natur&Ëmwelt, Ëmweltberodung Lëtzebuerg, déi dräi Naturparken, den Naturmusée, Sias a Sicona, organiséieren dëst Joer fir d'éischte Kéier d'Aktiounswoche fir Bestëbser zu Lëtzebuerg. Dëst Evenement ass Deel vum kierzlech vun der Regierung verëffentlechten Nationalen Aktiounsplang fir d’Bestëbserinsekten  an ass eng flott Geleeënheet fir déi faszinéierend Welt vun de bestëbsenden Insekten am Kader vun Ausflich an Atelieren ze entdecken an ze léiere wéi een se ka schützen a fërderen.

RTL

© pixabay

RTL

© sias.lu

Zuelen a Fakte weisen dass iwwer déi lescht Joerzéngten d'Insekte Biomass an d'Diversitéit immens ofgeholl huet a fir an deem Kader offréieren d'B&B Action Weeks Aktivitéiten un, dass d'Leit déi Diversitéit vun de Bestëbser kënne kenneléieren, dat sinn ënner anerem Rallye fir Kanner, Ausflich, am urbane Raum, wéi och an den Naturschutzgebidder, wéi och Workshoppen fir Insektenhoteller.

RTL

© bbweeks.lu

RTL

© pixabay

Donieft kréien d'Leit kréien Tuyaue mat op de Wee, wéi se den Insekten e gudde Liewensraum z'erméiglechen. Dëst geet vu Blummen uplanzen, Wildniss zouloossen, d'Natur wëll wuesse loossen, Brennnesselen toleréieren, well och déi si wichteg, net nëmme fir verschidde Päiperléckarten, manner méien an d'Natur net vergëfte mat Pestiziden.    

RTL

© miSchons

RTL

© bbweeks.lu