No iwwer 2 Joer Pandemie dominéiert Corona mëttlerweil zwar net méi d'Noriichten, an trotzdeem ass de Virus nach laang net verschwonnen. Vill Leit, déi sech infizéiert hunn, dierften d'Suitten nach eng ganz Zäit spieren, beispillsweis well se no enger Infektioun Probleemer mam Gerochssënn hunn. Hei am Land fannen déi Betraffen am Domaine Thermale zu Munneref Hëllef. De Marc Hoscheid huet nogefrot.

05/05/2022 Wann d'Nues no Corona net méi richteg wëllt (Internet)

D'Fréijoer verbanne vill Leit mat den entspriechende Gerécher, sief et den Doft vu Bléien oder vum frësche Buedem. Zanter dem Ausbroch vun der Corona-Pandemie 2020 hu vill vun deene Persounen, déi sech mam Virus infizéiert haten, och nach Méint méi spéit Probleemer mat hirem Gerochssënn. Mee och wann et den éischte Moment komesch kléngt, ass et méiglech, d'Richen erëm nei ze léieren. D'Jessica Liebaert vum Domaine Thermale Munneref erkläert, wéi esou eng Therapie konkret ofleeft.

Jessica Liebaert: "D'Leit kommen a Gruppen zesummen an et handelt sech ëm e Richtraining, deen ee mindestens dräi Méint muss maachen. Dësen Training soll all Daag gemaach an wéi d'Zännbotzen Deel vum Patient sengem Alldag ginn."

Zu Munneref gëtt et een Atelier olfactif an e Kraidergaart, wou praktesch mat de Patiente geschafft gëtt. Fir si net ze iwwerfuerderen, kréie si maximal 3 bis 4 Liewensmëttel noeneen ze richen an ze schmaachen. Nieft dem Praktesche gëtt et och en theoretesche Volet vun der Behandlung, wou d'Patienten erkläert kréien, wéi e medezinesche Probleem si genee hunn. Dobäi kënnt eng psychologesch Betreiung, well de Gerochssënn, zum Beispill wéinst ganz konkrete Kandheetserënnerunge, mat Emotioune verbonnen ass.

Bis elo waren iwwer 80 Persounen wéinst dem Verloscht vum Gerochssënn no enger Corona-Erkrankung zu Munneref a Behandlung. Verschiddener hunn hire Gerochssënn ganz, anerer just deelweis erëmkritt, dat hänkt ëmmer vum individuelle Krankheetsbild of. D'Jessica Liebaert erzielt vun engem positive Beispill.Jessica Liebaert: "Ech krut gëschter vun enger Patientin ugeruff, déi am Januar bei eis am Programm Long-Covid war an hire Gerochssënn zanter 18 Méint komplett verluer hat. Si huet ganz aktiv matgeschafft, all Dag de Richtraining gemaach a kann zanter Mëtt Mäerz rëm komplett richen."

Dëst géing weisen, datt een de Programm fir op mannst 3 Méint maache soll. Well de Richtraining net schiedlech ass, gëtt et am Fong keng Maximaldauer, mee wann et no engem Joer nach keng Verbesserung gëtt, ass et onwarscheinlech, datt et spéiderhin dozou kënnt. Mat Bléck op de Goût ënnersträicht d'Jessica Liebaert, datt et do fein Ënnerscheeder gëtt. 

Jessica Liebaert:"Schmaachen ass hei net dat richtegt Wuert, et ass éischter den typeschen Aroma vun engem Liewensmëttel am Mond, deen verluer geet, wann ee guer net méi riche kann. Et ass also net de Goût, mee den Aroma. Dat nennt een Perception fine aromatique."

Et ginn zwee Weeër fir de Gerochssënn, engersäits den direkten duerch d'Nues an anerersäits de Retronasalen duerch den Hals. Beim Knae vun engem Liewensmëttel léise sech Doftmoleküller a ginn dann duerch den Hals no uewen, ausser den normale Gerochssënn ass gestéiert. Et kann een zwar weiderhin ënnerscheeden, ob eppes séiss, salzeg oder sauer schmaacht, allerdéngs ouni de spezifeschen Aroma.

D'Käschte vu enger Gerochtstherapie ginn bis den 31. Juli komplett vum Gesondheetsministère iwwerholl, dono soll dann d'Gesondheetskeess dës Aufgab iwwerhuelen. An nächster Zukunft erwaart ee sech am Domaine Thermale éischter manner Patiente mat Gerochsverloscht. Dëst well déi mëttlerweil dominant Omikronvariant manner esou Symptomer mat sech bréngt. Mat weidere Mutatioune kéint sech dat awer och erëm änneren.