Viru Geriicht brauch ee Beweiser. Awer Beweiser a Beweiser sinn zweeërlee. Wat fir Beweiser dierf ee viru Gericht duerleeën? A wéi ass et mat Beweiser wéi Fotoen, Video op Audioopnaamen? De Maître Jean-Jacques Schonckert liwwert eis d'Äntwerten

Bei Beweiser gëtt et eleng schonn en Ënnerscheed beim Zivil- a beim Strofgeriicht. Wéi eng Ënnerscheeder ginn et do?
Jean-Jacques Schonckert: An engem Penalprozess muss de Procureur beweisen, dass dat, wat en dem anere virwërft, dass en dofir Beweiser huet. Am Zivil ass et dann awer esou, dass een en acte juridique Beweise muss. Dat ass e bësse méi komplizéiert. Bei matière civile sinn nëmme verschidde moyen de preuves zougelooss bei der matière penale sinn d'Beweiser fräi.

Elo ass och net all Beweis zougelooss, wourunner mécht een da fest, wat e Beweis duerf sinn a wat net?
Jean-Jacques Schonckert: Dat muss e Riichter au cas par cas kucken. Do muss en dann och kucken, ob de Beweis, deen hei um Dësch läit, ob deen legal zoulässeg ass. Am Kader vun enger Dashcam, also d'Kameraen déi um Tableau de Bord installéiert sinn, do ass dat z.B. am Prinzip verbueden. Souwuel d'Opnam wéi och d'Diffusioun vun de Biller ass verbueden, mee de Riichter kann an däerf et sech ukucken an däerf do Schlëss draus zéien, mee et ass keen definitive Beweis.

Bei Tounopnamen ass et dann och nach änlech. Wann ee virdrun enger Persoun seet, dass ee se ophëlt, dann zielt d'Tounopnam als Beweis. Wéi entscheet de Riichter da bei net esou eendeitege Saachen, ob eppes als Beweis gehandhaabt gëtt oder net?
Jean-Jacques Schonckert: De grousse Prinzip vum Schutz vum Privatliewe muss och gekuckt ginn. Wa béid Protektioune vum Privatliewe verletzt goufen, wat fält do méi an d'Gewiicht? Dat ass schonn en Equiliber, deen de Riichter do fanne muss.