D'Spargelzäit ass amgaangen. Kleng Fro: Wéi iesst Dir déi? Mir hu mol nogefrot, esou virwëtzeg wéi mir sinn!

04/05/2022 Ëmfro: Wéi esst Dier är Spargelen?

Spargele bestinn aus zu 93 Prozent aus Waasser, zu zwee Prozent aus Proteinnen, just 4 Prozent si Kuelenhydrater a 0,2 Prozent si Fetter. Et kënnt een op 150 Kalorien pro Kilo, dat ass net vill.

Voll mat Vitaminnen, A an E a Mineralien, Kalium, Kalzium a Phosphor - alles gesond, ganz egal ob se elo gréng oder wäiss sinn - wann ee keng Niereprobleemer huet!

Mënschen déi héich Harnseierwäerter am Blutt hunn, sollen dat eedelt Geméis net iessen. Och wie mat Nieresteng geheit ass, sollt de Spargel wech loossen.

Iwwregens den dach eegene Geroch vum Pipi, wann ee Spargele giess huet, wier vu verschiddene Substanzen am Spargel an deene Schwiefel dran ass.