Wéi et op engem Bauerenhaff ausgesäit an ofleeft, missten déi meescht vun eis jo kennen. Gewéinlech gesäit een do Kéi, Schwäin, Geessen oder och Hénger ronderëm lafen. Ma et gëtt och een Haff hei am Land deen, nieft Kéi an e puer Schof, och e bëssi méi ongewéinlech Déieren ziicht an opzitt. Eis RTL Reporterin, d'Nicky Soisson, war bis dohinner kucken. 

13/05/2022 Op der Straussefarm: Am Stall

De Bauerenhaff "An Nommesch" zu Conter dee well zanter 1795 besteet an

haut scho vun der 7. Generatioun, dem Martine Axmann-Reuter exploitéiert gëtt, war op der Sich no enger Alternative zu senge Mëllechkéi an ass viru 6 Joer op de Strauss komm.

Effektiv fënnt een hei nieft de ronn 60 Mëllechkéi an hirer Nozuucht, och eng Straussenzuucht.

Wie sech elo seet, mat et gëtt dach well esou eng Farm zu Fëlschdref, ma dee sollt wëssen, dass et genee dës ass, déi vun der Famill Axmann-Reuter iwwerholl gouf. An esou sinn d'Strausse vu Fëlschdref op Conter geplënnert.

Iwwregens ass dëst déi eenzeg Straussefarm an engem Ëmkrees vun ongeféier 200 Kilometer. D'Fleesch vun hei gëtt et dann och net iwwerall mee just bei ausgewielte Partner ze kafen. Wou dat ass, dat fënnt een op www.straussenfarm.lu