Wéi et den 8. Abrëll geheescht huet de Boris Becker muss fir 2,5 Joer an de Prisong koum dat schonn iwwerraschend. Et ass feste Prisong deen en och direkt nodeems d'Urteel gesprach war ugetrueden huet. Allerdéngs gouf och gesot, dass en, wann e sech gutt behëlt no 15 Méint nees op fräiem Fouss ass. Mam Affekot kucke mer duerch de Katalog vun de Strofen. Wat bedeit lieweslänglech, wat kann een ufechten a wou kann een hoffen dass d'Zäit vun der Strof erof geet?

10/05/2022 Fro den Affekot: Wat bedeiten d'Strofen?