Spillen ass méi wéi just en Zäitverdreif, mee huet och e positiven Effekt op Mënschen, souwuel fir d'Kanner, als och fir d'Erwuessener. Fir eis dat erëm an de Kapp ze bréngen, gëtt muer de Weltspilldag organiséiert. Wat Iech erwaart, zielt Iech de Jeff Rossler.

18052022 Muer ass de Weltspilldag (Internet)

D'Kanner mussen nach alles léieren, an dat geet besser, wann et mat engem Spill verbonnen ass. Verhalen dat fir eis normal ass, gi gäre mol iwwert Spiller vermëttelt. Virun allem als Elterendeel sollt Spillen dowéinst net ze vill an den Hannergrond réckelen, esou d'Julia Koch vun der Erzéiungs- a Familljeberodung, déi de Weltspilldag zu Lëtzebuerg och mat organiséieren.
Julia Koch: Spillen huet net just e positiven Impakt op d'Entwécklung, am kognitiven, motoreschen oder soziale Beräich, mee d'Kanner profitéieren dobäi och vu Kierperkontakt, vun Erzéiung a vu Verbindung. Et soll bei der Aktioun drop opmierksam gemaach ginn, datt Kanner e Recht op Spillen hunn an am beschte Fall soll do d'Roll vum Spillen bei der Famill Doheem och erëm méi grouss ginn.

Op der enger Säit verbessere Kanner doduerch hier Motorik, wéi z.B. eng Spillfigur opzehiewen an ze beweegen oder Kaarte richteg unhalen. Bei de Spiller dobausse, wéi z.B. Fussball, gëtt de ganze Kierper ugestrengt. Op der anerer Säit, ass d'Spillen och eng Aart sozial Erzéiung.
Julia Koch: Bei Gesellschaftsspiller léiere si beispillsweis gesellschaftlech Reegelen ze erkennen, ze integréieren an ze verstoen. Se léiere gedëlleg ze sinn a se waarden, bis se um Tour sinn. Se kréien duerch d'Spillen d'Méiglechkeet mam Frust ëmzegoen, wa si mol verléieren a si léieren, dat et och OK esou ass an och zum Spillen an zum Liewen dozou gehéiert.

Nieft der Erzéiungs- a Familljeberodung organiséieren d'Caritas, BEE Secure, de Familljen Center an nach eng sëlleg aner Organisatiounen de Weltspilldag mat. Dat alles mat engem Zil.
Julia Koch: Beim Weltspilldag ënnerstëtze mir, zesumme mat eise Partner, déi och mat Kanner, Elteren oder Famillje schaffen, d'Spillen a virun allem och d'Zesummespillen. Leider kann déi Aktivitéit wéinst den aktuelle Wiederkonditiounen net esou iwwert d'Bühn goen ewéi geplangt. Mä spille kann een och gutt wann et dobausse reent a stiermt.