Dir kënnt net méi ouni Lëscht akafe goe well Dir dann d'Hallschent vergiesst? D'Gebuertsdeeg vun Äre Léifste musst Dir Iech opschreiwe fir den Dag net ze verpassen? Lidder sangen déi Dir als Kand geléiert hutt geet guer net méi? Wann dat eent oder anert op Iech zoutrëfft, da kéint et sinn, dass Äert Gediechtnes Iech e bëssi am Stéch léist, Nicky Soisson.

12052022 Gutt a Form Saachen déi eisem Gediechtnes schueden

Et ginn natierlech eng Rutsch Grënn firwat eist Gediechtnes net méi sou gutt fonctionéiert. Op e puer vun deene kënne mir en Afloss hunn an esou eppes dogéint ënnerhuelen.

Virop ass et awer mol interessant ze verstoe wat d'Funktioun vun eisem Gediechtnes iwwerhaapt ass. U sech erméiglecht et eis nei Informatiounen opzehuelen, dës ze decodéieren, ze späicheren an dann och herno erëm zréckzehuelen. D'Gediechtnes ass deemno extrem wichteg fir mat anere Leit kënnen ze interagéieren. De Jang Hamen, Formateur an der Psycho-Gériatrie bei der Croix-Rouge erkläert dat ganz flott a liicht verständlech:

"Dir hutt e grousse Schaf, Dir huelt eng Informatioun, decodéiert se an Dir tässelt se an een Tirang vun deem Schaf. A wann Dir déi Informatioun erëm braucht, braucht Dir just de Code fir deen Tirang nees opzemaache fir déi Informatioun erëm zréckzekréien. Esou laang wéi d'Gediechtnes gutt fonctionéiert, kritt Dir de Code. Fonctionéiert d'Gediechtnes net méi sou gutt, kommt Dir net méi un déi Informatioun."

Fir dass eist Gediechtnes anstänneg fonctionéiert, ass et wichteg, et engersäits reegelméisseg ze trainéieren an anerersäits awer och e puer Saachen ze evitéieren:

"Wann ech ëmmer vill Alkohol drénken, dann ass dat sécher net gutt. Deemno wéi eng Medikamenter ech huelen, kann dat och negativ Auswierkungen hunn. Medikamenter géint Angschtzoustänn, géint Depressiounen oder Schlofmëttel. Och Schlofmëttel hunn e relativ negativen Afloss op d'Gediechtnes."

Net genuch drénken oder schlofen hunn och en negativen Afloss op eist Gediechtnes.

Ma Stress ass awer ee vun deene gréisste Feinde vun eiser Memoire. Och wann dësen, a klengen Dosen, stimuléiere kann an deemno positiv ass, sou ass et awer bei iwwerméissegem Stress de Contraire. Dee Moment léiert een a verhält een och manner gutt.