Et krut een et als Teenie esou dacks vun den Elteren ze héieren: bleif dach net dee ganzen Dag dobannen, géi eraus an déi frësch Loft a kuck, dass däi Kapp e bëssi gelëft gëtt! Firwat dat effektiv esou wichteg ass, dat weess d'Nicky Soisson.

19052022 Gutt a Form Wat ee maache ka fir säi Verhalt ze boosten

Ze laang setzen oder leien, soll net gutt si fir d'Gediechtnes. Esou heescht et aus medezinescher Siicht.

Effektiv ass all Stëllstand vum Kierper schlecht. An dat net nëmme fir de Kierper selwer mee och fir de Kapp a méi prezis fir de Verhalt, Jang Hamen, Formateur an der Psycho-Geriatrie bei der Croix Rouge:

"All Stëllstand vum Kierper ass schlecht. E Gediechtnes muss ëmmer nees gereizt ginn, muss ëmmer erëm stimuléiert ginn a wann ech am Bett leien an ech kucke just de wäisse Plafong, do hunn ech iwwerhaapt keng Stimulatioun, also kann dat net gutt sinn."

Dat heescht an anere Wieder, eraus aus dem Bett oder vun der Couch a sengem Gediechtnes vill Sauerstoff zouféieren. Firwat? Dat weist eng Etüd:

"Zu Genf op der Uni hu se eng Studie gemaach wou se 15 gesond Männer haten tëscht 19 a 27 Joer an déi hu se virun en Ecran gesat. An op deem Ecran hat ee 4 Punkten a wann ee vun de Punkte sech an 1 Stär verwandelt huet, huet dee missten e Knäppchen drécken. Dat war einfach fir ze kucke wéi séier en op déi Beweegung reagéiert."

Si hunn déi jonk Männer dunn op e Vëlo gesat a gedoe wärend enger véierel Stonn mat bis zu 80% vun hirer maximaler Häerzfrequenz ze pedalléieren. Dono goung et dunn op e laangen Terrain op deem si 30 Minutte laang konstant séier gefuer sinn a wärend engem Moment näischt gemaach hunn. Nodeems si dee selwechten Test vum Ufank dunn nach eng Kéier gemaach haten, war d'Resultat zimmlech kloer:

"Bei deene 15 Minutte wou se staark geschafft hu fir de Bierg erop ze fueren, do war d'Gediechtnes scho vill vill besser. Mee am beschte war d'Gediechtnes do wou si dee konstante laangen Training gemaach hunn. 30 Minutten Training, dann hues de genuch Sauerstoff an du méchs eppes fir däi Gediechtnes."

Déi neurobiologesch Fuerschung weist, dass et wichteg fir eis Memoire ass, sech reegelméisseg ze beweegen. Donieft ginn et Beweiser, dass d'Aktivitéit och e positiven Afloss op eise Léierprozess huet.

Deemno heescht et aktiv ze sinn an eraus an d'frësch Loft ze goen!