Wien huet nach d'Iwwersiicht bei all den Aboen déi een ofgeschloss huet, a wéi dacks klickt een op eng App wou et heescht et wier gratis an op emol gëtt se dann awer payant ouni dass een extra informéiert gëtt. Mat Sécherheet stoung dat alles am Kleng Gedréckten, mä kann een säin Hals do nach emol aus der Schléng zéien oder muss een bezuelen, en ageschriwwene Bréif maachen oder rechtlech Schrëtt ënnerhuelen. Wéi ass et wann ee vun enger Entreprise net informéiert gëtt, dass säin deiert Abo ofgelaf ass an et bezilt een dat nach ëmmer weider? Den Affekot weess d'Äntwerten.

24/05/2022 Fro den Affekot: Abonnementer