
© P. Greis
D'Laetitia Koener, d'Sängerin vun "Go By Brooks" an den Zeechner Andy Genen waren gëschter Owend um Plateau vum LIVE! planet people.

"Go By Brooks" invitéieren den 20. Mee op den éischten Concert mam neien Album.
"This Is Her War" erkläert an 11 Lidder op ënnerschiddlech Manéier en aktuellen Thema wou Déift an Däischtert eng wichteg Roll spillen. Mol méi rockeg, mol méi poppeg oder als Ballade ginn déi ausgefeilten Texter interpretéiert. Zanter dem 6ten Mee fënnt een d'Lidder op alle wichtegen Download- a Streaming-Plattformen.
De Concert ass e Freideg den 20. Mee am Centre Culturel Régional opderschmelz zu Diddeleng.


Den Zeechner Andy Genen huet zesummen mam Lucien Czuga dem Ris aus dem Beetebuerger Park neit Liewen agehaucht. "De Ris geet op d'Rees", koum um Europadag zu Beetebuerg bei Geleeënheet vun LiteraTour 2022 eraus. 2004 haten déi zwee schonn fir "De leschte Ritter" zesummen geschafft.

A besonnesch freeën dierfen sech all Comicfans op de BD Festival de 16/17. Juli zu Conter.