Seng Motiver sinn antëscht iwwer Koler eraus bekannt. Déi lescht Deeg huet de  Lëtzebuerger Graffiti-Kënschtler  an Illustrator  Alain Welter an der portugisescher Haaptstad Lissabon Maueren  ënner fräiem Himmel verschéinert. Am Kader vun engem  kulturellen Austausch mat der Portugisin Mariana Duarte Santos, déi zur selwechter Zäit an engem Quartier zu Lalleng geschafft huet. Eng Korrespondenz vum Lucie Marinho vu Lissabon.

13/05/2022 Fresk vum Alain Welter zu Lissabon
RTL
RTL

Den Lëtzebuerger Kënschtler Alain Welter war vum 2. bis 13. Mee zu Lissabon fir eng Fresk op enger Mauer vun der portugisescher Haaptstad ze molen. Op Initiative vun der Kulturfabrik,  der Galerie d’Art Urbain vun der Gemeng vu Lissabon an der Lëtzebuerger Ambassade a Portugal, ënnerstëtzt vun Esch 2022. Mam Projet sollt eng Bréck tëscht Lëtzebuerg a Portugal geschloe ginn.

Ma, am Fong war de Briefing eng Verbindung tëscht Lëtzebuerg a Portugal hierzestellen an, interessanterweis am Fong, de Wope vu Lissabon huet zwee Kueben an de Wope vu Koler, also mengem Heemechtsduerf huet dräi Kueben, an dëst, ok, vu dass ech oft Déiere molen, ass dat, dat perfekt Motiv fir eben ofzebilden. Zu Koler hat ech schonn s 2018 eng Kéier eng Mauer mat den dräi Kueben gemoolt an déi goufe jo dëst Joer rezent ofgerappt. An du duecht ech, ok wann déi ofgerappt gouf an  hei iergendwéi eng nei entstoen ze loossen, ass vun der Iddi hier ganz schéin. An, voilà, duerfir war fir mech d’Motiv séier kloer.       

Wat war déi gréissten Erausfuerderung hei zu Lissabon?

(laacht) Also, den Défi war am Fong, dass ech am Ufank eng aner Mauer sollt molen. Et war… Méindes, sinn ech hei ukomm, du gouf mir gesot, dass de Proprietär awer net d’accord ass. An du hu mir den zweeten Dag eng aner Mauer gesicht, dunn den drëtten Dag krute mir d’Autorisatioun an dunn hunn ech um sechs Auer owes ugefaangen (laachen), déi heite Mauer eben ze molen. T’heescht am Ufank war bëssen alles komplizéiert mä elo wou ech amgaange sinn, leeft alles tipptopp. Also, ech kann mech net bekloen. Also, t’ass och eng bal besser Mauer, also zwar net esou zentral mee vun der Struktur hier fannen ech se méi schéi wéi déi ursprénglech Mauer.

Vun der portugisescher Haaptstad huet den Lëtzebuerger och e bëssche profitéiert

Also, ech war elo, am ganzen sinn ech zéng Deeg hei. Bon, am Ufank, voilà, sinn zwee Deeg eben, zwee an en hallwen Dag verluer gaangen mee owes hat ech awer Zäit mat Leit bëssen ze hänken, an ë… Bon, ech war schonn zu Lissabon, duerfir hunn ech elo net nach eng Kéier missen d’Stad komplett besichen, mee… Bon, wann ech mam Vëlo moies bei d’Mauer fueren, gesinn ech och Lissabon e bëssen an ë… Voilà, de Weekend konnt ech och bëssen eraus goen (laachen).

Den Alain Welter ass also alles an allem mat sengem Projet zu Lissabon zefridden. A wie weess vläicht ergëtt sech nach ass eppes aneres...

De Bilan ass super positiv. Also d’Leit si mega léif, d’Iessen ass mega gutt, bon, d’Wieder ass perfekt. Ech hu vill nei cool Leit kenne geléiert an och d’Galeria d’Arte Urbana, fir mech ass dat och en wichtege Kontakt elo vläicht fir d’Zukunft. Jo, mol kucken wat sech elo nach mol iergendwéi entwéckelt.