"Krätz" ass e Wuert dat een hautzedaags net méi sou dacks héiert. Komme mer awer an d'Praxis vun der RTL Déierendoktesch dann héiere mer séier, dass dat en Ausdrock ass deen duerchaus nach geleefeg ass, an deen och fir de Mënsch geféierlech kann ginn, Romi Roth.

De Kiederchen Metty gouf an d´Consultatioun  bruecht well e matten op sengem Käppchen op eemol eng Knupp hat. Grouss a geformt wéi eng Sauboun a mat bluddege Kuuschte garnéiert. Seng Leit hu gefaart, déi Blesse kéim vun engem Catch mat hirem ale Kueder Buddy, well dee jalous op de Krappege gewiescht wier. D´Plaz huet awer immens gebass, wat net bei eng infizéiert Kraz- oder Bësswonn gepasst hätt. Mat enger spezieller Luucht gouf dunn emol gekuckt, dass et net e Pilz wier, dee meeschtens leider och un d´Leit geet.

10-05-2022 Déierentipp - Romi Roth - Krätz - Analyse

Well mat esou engem klengen Déierchen gëtt jo och gutt a vill geknuddelt.

De Luucht-Check war dunn negativ op déi Zort Pilz. Mais vun e bëssen erofgeschappter Haut mat Fliichten war ënnert dem Mikroskop ze gesinn, dass de Metty Krätzmilben matbruecht hat. An der Lescht ee méi heefegen Diagnostik. An och déi butzeg Spannendéieren kënnen un d´Leit weidergoen. Bausst der Kaz packen d´Milben et bis 3 Deeg laang, dofir kann och de Kontakt mat Saachen mat deenen de Kiederchen a Beréierung war ustiechen. Well de Metty d´Therapie mat "Akariziden" (de Medikamenter fir d´Milben futti ze maachen) ganz schlecht verdro huet, gouf en hospitaliséiert an ënner Observatioun weider behandelt.

10-05-2022 Déierentipp - Romi Roth - Krätz - Behandlung