Nach bis de 15. Mee geet den Auto-Occasiounsfestival, deen dëst Joer besonnesch vill Interessente wäert ulackelen. Well Autoe bestellen a geliwwert kréien, ass den Ament eng Fro vu gudden Nerven. Op wat een da soll oppassen, wann ee sech generell fir en Occasiounsauto interesséiert, seet eis de Frank Maas vun ACL.

11/05/2022 Op wat oppasse bei Occasiounsautoen

Et sief direkt gesot, den éischten Androck ass dach scho wichteg.  Ok, dat ass elo subjektiv. Ma awer wichteg.
Op wat soll een oppassen?
Op den Zoustand vun der Karosserie, well eventuell Téitschen a Lackschied eng Deier kënne ginn. An deem Kontext muss een awer bedenken, datt et sech ëm eng Occasioun handelt a liicht Gebrauchsspueren och normal sinn. Da soll een den Zoustand vun de Spigelen an de Luuchteglieser an de Pare-brise kontrolléieren, soss huet een e Steeschlag séier iwwersinn. Den Interieur kann een och mol séier inspizéieren an och mat de Kilometer um Tacho vergläichen. Beim Bléck ënnert de Capot kann ee kucken ob net eng Ueleg-Fuite an der Mécanique festzestellen ass. Zum Schluss bleift nach den Zoustand vun de Felgen an de Pneuen.

Och net fäerte fir esou munches iwwert den Auto ze froen!
Am beschte stellt een e puer Froen iwwert den Historique vum Auto, wéi vill Besëtzer en hat, ob d'Revisioune reegelméisseg gemaach gi sinn, ob scho gréisser Reparature waren an ob den Auto no engem Accident reparéiert ginn ass. An dann och kucken ob 2 Schlësselen derbäi sinn.

An da wier et gutt wann een och domadder fuere kéint, et wëll ee jo keng Kaz am Sak kafen.
Eng Probefaart ass natierlech gutt, ass awer ëmmer dem Proprietär vum Auto seng Decisioun. Et soll een awer oppassen, datt den Auto beim Essai ugemellt ass.

A wann ee sech net sécher ass, oder et wëll een op Nummer sécher goen, réit den Frank Maas dëst.
Mir bidden am Diagnostic Zenter vum Automobil Club extra en Test fir Occasiounen un, hei gëtt den Auto bannent 90 Minutten vun A bis Z gepréift an et huet een direkt e kloert Bild wat fir engem Zoustand sech den Auto befënnt. An ob et sech dann iwwerhaapt lount den Auto ze kafen.