All Mënsch weess dass ee sech soll géint d'Sonn schützen. Mä et bleiwe nach e puer Froen op déi mer vun der Hautdoktesch Kerstin Kielgast eng Äntwert kréien.

11/05/2022 Sonnecrème net vergiessen

Kënnt d'Sonn sech weisen, da soll ee mam Sonneschutz net gäizen. Also den Hutt oder d'Kap op de Kapp a w.e.g gutt acrèmen. Bestëmmt huet deen een oder anere vun Iech nach Sonnecrème vum leschte Joer am Schaf stoen. Déi sollt Dir awer net benotze fir an d'Sonn, de Grond weess d'Dermatologin Kerstin Kielgast:
Weil wahrscheinlich nach eimen Jahr die Wirkung nicht mehr die gleiche ist wie die in der vorigen Saison. Besser eine neue ungebrauchte Sonnencreme gebrauchen.

Wann Der crèmt, da w.e.g richteg, well dacks gi wichteg Plazen vergiess wéi zum Beispill d'Féiss. Déi Plazen, déi der Sonn am meeschten ausgesat sinn, ginn als sougenannte 'Sonnenterrassen' bezeechent.
Das ist die Nase, dann die Ohren, vor allem bei den Männeren wegen der kurzen Haare oder ohne Haare. Kopf ist klar, dass auch Fussrücken, diese werden meistens vergessen. Und das sind statistisch die Stellen auf der Haut, wo Hautkrebs entsteht.

An dann och d'Suelen vun de Féiss net vergiessen, virun allem wann der an der Schwemm oder op der Plage um Bauch leit. Soss gesäit et herno aus wéi wann Der géift op Kuelen trëppelen, an et fillt sech héchstwarscheinlech och esou un ;-)
An da stitt Der virum Regal am Supermarché, a frot Iech 'wéi eng Crème huelen ech dann elo' déi mat Faktor 20, 30 oder esou guer 50? Abee, dat hänkt ganz vum Ärem Typ Haut of. Deen hellsten Hauttyp ass dee Kelteschen an Nordeschen, Typ 1 an Typ 2:
Blond, rotblond, Sommersprossen, blaue Augen brauchen im Grunde einen hohen Lichtschutz, aber es bleibt auch zu beachten: wo fahre ich denn hinn? Bleibt man in Luxemburg, kommt mat mit Lichtschutzfaktor 20 zu Recht. Geht es aber in den Süden oder ins Hochgebirge, wo sie Sonne intensiv scheint, da muss sich mit Faktor 50 einreiben.

Déi aner Hauttypen kënnen op eng Sonnecrème mat net esou héijem Ecran zréckgräifen, awer ...
Dann hängt es auch davon ab, war ich schon ein paar mal dieses Jahr in der Sonne und bin ein bisschen vorgebräunt. Aber nich Solarium-vorgebräunt, da brauch man Anfangs nicht diese Sonnenblocker, Ecran total.

Awer e Schutz virun der Sonn ass ëmmer ze recommandéieren. An datt ee mat Sonnecrème net brong gëtt, ass e Märchen.
Also man wird immer braun, meiner Meinung nach bräunt man sogar uniformer. Die Bräune sieht schöner aus, man ist nicht so fleckig. Es dauert etwas länger, aber man bleibt dann auch länger braun.

Also just an d'Sonn mat Sonnecrème, Minimum Faktor 20.