Speziell Plooschteren fir ënnert d'Féiss sollen beim Ofhuelen an der Entgëftung vum Kierper hëllefen. Mee stëmmt dat wierklech, oder ass dat Verspriechen ze schéin fir Wouer ze sinn? De Marc Hoscheid huet nogefrot.

17/05/2022 Ofhuelen am Schlof (Internet)

Virun allem fir Sportmuffele kléngt et wéi een Dram deen an Erfëllung geet, et pecht ee sech einfach eng speziell Plooschter ënnert de Fouss an schonn hellt een iwwert d'Nuecht of. En plus soll op dës Manéier nach de Kierper entgëft an doduerch de Schlof verbessert ginn. Den Dokter Nico Haas ass allerdéngs skeptesch, ob dat wierklech funktionéiert.
Dr. Nico Haas: "Ech woen drun ze zweiwelen, Wëssenschaftler hu sech dru gemaach, fir erauszefannen wat et domat op sech huet. Si hunn mat enger spezieller Prozedur, enger sougenannter Chromatographie, ënnersicht wéi eng Substanzen an deene Plooschtere sinn a si hunn näischt fonnt."

Och wann dës Plooschteren deen nächste Moien oft schwaarz verfierft wieren, géing dat net beweisen, datt si iwwert d'Nuecht Gëftstoffer aus dem Kierper gezunn hunn. Tester hätten nämlech gewisen, datt d'Plooschter och schwaarz ass, wann ee se op eng waarm Waasserfläsch pecht. Wat de Grond fir dësen Effekt ass, ass net kloer. Den Nico Haas ënnersträicht awer och, datt et duerchaus méiglech ass, dem Kierper per Plooschter Medikamenter zoukommen ze loossen.

Dr. Nico Haas: "Jo, do gëtt et Produiten, déi sinn getest an dat kann een och noweisen, zum Beispill verschidden Antiinflammatoiren oder lokal Anesthésiquen, déi kënnen duerch d'Haut opgeholl ginn. Et gëtt och an der Hormontherapie oder bei verschiddene Plooschtere géint staark Sekretioun,dat funktionéiert alles.

Bei Persounen, deenen hir Nieren net méi funktionéieren, kéint eng Dialys d'Funktioun vun den Organer ersetzen an Gëfter respektiv Waasser aus dem Kierper zéien. De Kierper duerch Urin oder Stullgank ze entschlaken, hält den Dr. Haas iwwerdeems fir onwarscheinlech. Fir déi Leit, déi sech Suergen ëm hier Gesondheet maachen, huet de Medezinner trotzdeem ee ganz einfachen Tipp.

Dr. Nico Haas: "Dat Bescht ass, et féiert een dem Kierper sou mann wéi méiglech Gëft zou. Zum Beispill wat de Regime ugeet, wann ee sou mann wéi méiglech Kalorien zou sech hellt, muss een hannenno och keng Plooschter oppechen oder eng Entschlakungskur maachen fir ofzehuelen oder besser ze schlofen.