Et ass nees esouwäit. Vun haut den Owend un kuckt d'Filmwelt a Richtung franséisch Côte. Am eigentlech verschlofene Stiedche Cannes ginn elo 12 Deeg laang Filmer gekuckt. Vill Filmer gekuckt. Den Tom Dockal ass fir de Radio op der Plaz a mellt reegelméisseg. Wéi z.B elo, wou hien esou eppes ewéi eng bande d'annonce vum Festival presentéiert.

Fir déi 75. Kéier geet de Filmfestival vu Cannes iwwert d'Bün. En Dräivéierelsjoerhonnert also. An déi éischte Kéier säit 2019, dräi Joer also, dat de Festival op senger soi-disant normaler Plaz um Kalenner stattfënnt. 2020 war ofgesot, lescht Joer war en an de Juli geréckelt, ma dëst Joer versammelt sech nees alles gewinnt Mëtt Mee matzen am Fréijoer.

Gewinnt an normal ass esou munches. Op alle Fall gëtt z.B. d'Kompetitioun a seng Filmer esou een Androck. Et gëtt déi eng Schoul, déi an dëser Selektioun e retour à la normale versteet, fir ze weisen, dat de Festival a seng Responsabel sech net ënnerkréie loosse vun den héijeren Ëmstänn - d'Covid bedéngten Annulatioun vum Festival souzen dem Thierry Frémaux an dem Pierre Lescure, kënschtleresch an administrativen Direktere schwéier an de Schanken -, anerer gesi à première vue méi vum Alen. Net onbedéngt am beschte Sënn vum Wuert. De Michel Hazanavicius feiert a sengem Ouverturefilm Coupez! de Kino a remaked dofir de japanesche Film One Cut of the Dead. An d'Dardenne Bridder sinn eng siwente Kéier mat an der Course ëm d'Gëlle Palm. Eng siwente Kéier! Den Terme vum Abonnement ass net vu Muttwëll bei dëser Zuel. Ma de Jurypresident vum Festival 1999, deen deemools de Dardenne ganz iwwerraschend d'Palm fir Rosetta iwwerreecht huet ass och mat engem neie Film an der Kompetitioun. De Kanadier David Cronenberg.

"Surgery is the new sex" heescht et am Lancement zum Cronenberg sengem Film Crimes of the Future, dee vun hei och direkt an d'Kinoe kënnt. Muer Mëttwoch aacht Deeg leeft zu Lëtzebuerg un. Et kann een sech op oldschool Cronenberg Biller a Sujeten astellen. Mat ë.a. dem Léa Seydoux, dat dëst Joer just an zwee Filmer ze gesinn ass, an net a véier ewéi lescht Joer. D'Vicky Krieps , wann een esou wëll, op, an ass och an zwee Filmer hei ze gesinn. Eng handvoll Filmer op déi mer zu engem groussen Deel ze schwätze kommen, hu méi oder manner grousse lëtzebuergeschen Input. Nieft den Dardenne sinn nach eng ganz Rëtsch aner Gewënner vun der Palm um RdV. Just wéineg wéineg Realisateuren hunn de Sprong, den Upgrade an d'Kompetitioun gepackt. Grouss Freed wéinstens fir d'Kelly Reichardt, dat no laange Joren an der Quinzaine endlech e Kompetitiouns-Slot krut. De rouden Teppech ass ausgerullt, et bleift ze hoffen, dat de Fong an d'Selektioun hannert dem Blingbling positiv iwwerzeegt an dat hannert dem Gewinnten awer déi eng oder aner Iwwerraschung mat dobäi ass.