Zanter virgëschter Owend ass zu Cannes déi 75. Editioun vum internationale Filmfestival amgaangen. An esou e Festival gëtt traditiounsgeméiss mat enger Zeremonie, virun allem awer mat engem Film opgemaach. An dee koum dëst Joer vum oscariséierte Realisateur vun The Artist. Den Tom Dockal ass sur place an huet de Film gesinn.

190522 Cannes 2022 - De Ouverturesfilms Coupez! 10h45

Am Kino net ganz ongewinnt - en Zombie attackéiert eng jonk Fra, déi sech d'Séil aus dem Kierper bierelt vun Angscht. Cut. Mir kucke keen Zombiefilm, mee en Tournage vun engem Zombiefilm. Den Zombie ass blo, huet méi d'Allüre vun engem Schlumpf ewéi déi vun engem Ondoudegen a säi géigeniwwer ass méi ewéi oniwwerzeegend a sengem Portrait vun der Angscht. De Realisateur vum Film ass méi ewéi genervt. Mir léiere séier, dat et sech ëm den ëmmerhi schonn 31. Versuch handelt, déi Zeen, de Klimax vum Film, an d'Këscht ze kréien. Mee au fur et à mesure gesäit een, dat méi ewéi just dat net klappe wëll. A vläicht leeft esouguer den Tournage vum Zombiefilm Gefor, vun Zombien attackéiert ze ginn.

Méi ewéi dat iwwert de Plot vum Michel Hazanavicius sengem Festival-Opener Coupez! z'erzielen oder engem mat op de Wee ze ginn, hëlt engem d'Iwwerraschung an deementspriechend eng gewësse Freed um Film ewech. Virausgesat et huet een net de japanesche Film One Cut of the Dead vum Shinichiro Ueda. Béid Filmer liewen zu engem ganz groussen Deel dovunner, dat een ouni dat geréngste Wëssen a se erageet a sech iwwerrasche léisst vum formale Revirement, déi se huelen. Déi éischt hallef Stonn strapazéiert nämlech ganz bewosst d'Nerve vu sengem Publique. An dat läit wierklech net just dorunner, dat déi éischt hallef Stonn e laange plan séquence ass.

RTL

© WIld Bunch

Coupez! sollt usech de grousse Retour un déi verspillte Wuerzel vu sengem Kino sinn. E Kino vum Michel Hazanavicius, dee laang virun der Oscar-Gloire  Spiounefilmer an do virdrun nach méi däämlech Collage-Filmer gemaach huet, bei deenen, méi ewéi soss anzwousch bei him, den Do-It-Yourself-Faktor net vun der Hand ze weise war. Mee Coupez! simuléiert just deen Esprit vum selwer gemaachten Amateurkino. Huet en, ewéi sech erausgestallt huet, awer dat iwwer 180-facht vum Budget vum japaneschen Original huet. Et sollt en häerzegen Hommage un d'Filmemaache sinn, egal ewéi chaotesch an objektiv schlecht. Well Filmer-maachen en Ekippesport ass. Mee ewéi esou dacks beim Hazanavicius - siew et de Stommfilm am The Artist oder de Kino vum Godard a Le redoutable - bleift seng Ausernanersetzung mam Amateurgenrekino eng vun uewen erof a komplett iwwerflächlech.Et hëlleft och net, dat ee mam Casting vun ë.a. Romain Duris a Bérénice Béjo net eng Sekonn un den DIY-Volet gleewe wëll. An dowéinst funktionéieren déi wéinegst Witzer a Connerien, mat deenen de Film oplauert. Coupez! gëtt esou immens schwéierfälleg an erstéckt u senger gespillter chaotesch Liichtegkeet, déi de japanesche Film hat an dowéinst och dee Succès ginn ass, deen e ginn ass. D'Form ass séier kopéiert, mee en Esprit dofir nach laang net.