Déi éischt Hallschent vum Filmfestival vu Cannes ass bal gepackt. Genee esou wat Filmer mat lëtzebuergesche Bäiträg ugeet. Dräi vun deene Filmer si scho gelaf, zwee esouguer an der am Un certain regard. Den Tom Dockal huet Harka a Corsage gesinn.

21/05/2022 Cannes 2022 - Harka & Corsage 14h45

Den Ali, Haaptpersonnage am Lofty Nathan sengem Film Harka, ass en Eenzelgänger. De jonke Mann verkeeft illegal laanscht Strooss deen een oder anere Liter Benzin. Wéi en enges Daags d'Nouvelle kritt, dat säi Papp gestuerwen ass, reest hien zeréck bei d'Famill, deen hie virun enger Rei Jore mam Wonsch, iwwert d'Mëttelmier an Europa ze flüchten, de Réck gedréit huet. D'finanziell Mëttel hunn him awer och dat net erlaabt. Doheem bei sengen zwou Schwësteren ukomm stellt sech eraus, dat de Papp Scholden hat. Et muss iwwerluecht ginn, wéi un déi Sue kommen. Mee eppes ass sécher, och zéng Joer no der Revolutioun an Tunesie schéngt sech net alt ze vill fir vill Leit, virop Jonker, zum Bessere geännert ze hunn.

Harka ass wäit dovunner ewech, den arabesch-sproochege Kino nei z'erfannen. Mee de Lofty Nathan huet awer e Gefill dofir, wéi d'Situatioun ass vun engem Land, dat ëm no steet. Sief dat hie selwer net do gebuer an opgewuess ass. Mee vläicht ass et dës relativ Distanz, déi him gehollef huet, déi verzweiwelt Vue vu sengem Haaptpersonnage Ali anzefänken. Deen iwweregens mat enger ganz staarker Presenz vum Adam Bessa gespillt ass. Wien hi gäre wéilt gesinn, dee kann de Schauspiller op Netflix am Film Mosul gesinn. De vun Tarantula matfinanzéierte Film erfënnt d'Rad net nei, et gesäit een de Schluss vum Film kommen, mee och dat ass verhältnisméisseg egal. Regisseur an Haaptacteur interesséiert et, d'Roserei an d'Verzweiwlung nom arabesche Fréijoer anzefänken, déi an Tunesien, mee net just do, predominéiert. An dat trauregt Schlussbild trotz Komme-Gesinn eng Zäitchen an engem aggravéiert.

Corsage ass net just eng vun zwou Samsa-Koproduktiounen an der Selektioun, allen zwee iwweregens am Certain Regard, mee och den éischte vun am Ganzen zwee Filmer mam Vicky Krieps an enger Haaptroll. Mine de rie spillt si an dësem Film vun der Realisatrice Marie Kreutzer d'Elisabeth vun Eisterräich, d'Fra vum Kesser Franz-Josef, d'Sissi. Si feiert um Ufank vum Film hire 40. Gebuertsdag a mécht, salopp gesot, esou eppes, wat enger Midlife-Crisis gläicht kënnt. Si schéngt just do ze sinn, fir ze representéieren a fir soi-disant jonk a schéin ze sinn. Dës Konventioune stinn hir iergendwann zum Hals eraus a si fänkt un ze rebelléieren, ganz zur Onfreed vun hirem Mann, dem Keeser. De Corsage well, am iwwerdroenen ewéi och am wuertwiertleche Sënn, gesprengt ginn. 

Op dëser Plaz ka mat rouegem Gewësse gesot ginn, dat Corsage bis ewell ee vun de bessere Filmer vum Festival ass. D'Marie Kreutzer presentéiert e revisionisteschen Take, eng modern Vue op eng Fra, déi jidderee ze kenne schéngt, déi schlussendlech awer genee esou ënnerdréckt an zeréckgehale ginn ass, ewéi all aner Fra och. Déi modern Dissonanzen, déi de Kostümsfilm vun der éisträichescher Realisatrice ënnerwanderen, sief et d'Musek, ganz kloer, mee och d'Spill vum Vicky Krieps an de Setdesign an d'mise en scène am allgemengen duerchzitt trotz dem Eescht vum Sujet eng méi ewéi verspillten Nott de ganze Film, deen domadder Corsage aus der Mass vun esou Filmer erausstieche léisst.