E Sonndeg gëtt de Film Crise et chuchotements gewisen, dee sech mat de Suittë vun der Finanzkris vu 2008 op Lëtzebuerg beschäftegt an duerno ass eng Table ronde ugesat. Dobäi liwweren Zäitzeien exklusiv Abléck an déi entscheedend Deeg vun de Verhandlungen am Grand-Duché. De Marc Hoscheid huet mam Laurent Moyse, engem vun den zwee Co-Regisseuren, geschwat.

12/05/2022 Hannert de Kulisse vun der Finanzkris (Internet)

Vu Flüchtlingen iwwert Corona bis zum Ukrain-Krich, no all de Krisen aus de leschte Joren, ass d'Finanzkris aus de Joren 2007 bis 2009 bal a Vergiessenheet geroden. Elo beliicht den Dokumentarfilm Crise et chuchotements vun de Realisateure Laurent Moyse a Jossy Mayor op Basis vun Interviewe mat Zäitzeien, déi fir Lëtzebuerg decisiv Deeg Enn September 2008. De Laurent Moyse erkläert, mat wiem am Kader vun dësem Film, deen op historesch Fakte baséiert, geschwat gouf.

Laurent Moyse: "D'Protagoniste vun deemools, dat ware fréier Ministeren, dat ware Banquieren, ënnert anerem d'Cheffe vun der BGL, deemools Fortis, an der BIL, deemools Dexia, Journalisten, Soziologen an Unisproffen, déi de Kontext erklären. Dat heescht, entweder Zäitzeien, déi wierklech mattendra waren oder Leit, déi dat observéiert hunn."

Am Zenter vum Film steet den deemolege Finanzminister Luc Frieden, dee sech, well e sech der Bedeitung vun den Evenementer deemools scho bewosst war, ganz detailléiert Notizze gemaach huet. Aus dësen géing ervirgoen, datt d'Situatioun fir Lëtzebuerg wesentlech méi prekär war, wéi bis elo ëffentlech bekannt ass. De Laurent Moyse seet, datt virun allem zu Lëtzebuerg déi meescht Leit direkt bereet ware fir en Interview ze ginn. Dëst wuel och, well de Grand-Duché gutt aus der Kris erauskomm ass. An der Belsch wier et par konter méi schwéier gewiescht, well 2018, wéi mam Filmen ugefaange gouf, nach Prozesser gelaf sinn. De Laurent Moyse beschreift d'Motivatioun, fir dëse Film ze dréinen.

Laurent Moyse: "Dee Film ass wat de Sujet betrëfft, mengen ech eng Première fir Lëtzebuerg. Mir wollte weisen, datt dat och fir d'Zukunft eppes bedeit. Et kann een entweder Lektiounen aus esou Evenementer zéien, oder eben net."

Produzéiert gouf de Film vun der Firma Rishon Films an Zesummenaarbecht mat RTL an der Ënnerstëtzung vum Filmfong Lëtzebuerg. Déi zwee Realisateuren hunn sech bei hirer Recherche am Virfeld vun den Interviewen op Archivmaterial, souwuel Zeitungsartikele wéi och Fernseeausschnëtter, baséiert. Knapp véier Joer nom Ufank vun den Dréiaarbechten, gëtt en dëse Sonndeg fir d'éischt gewisen.

Laurent Moyse: "De Sonndeg um 17 Auer gëtt de Film am Utopia als Première presentéiert. Dono hunn mer eng Table ronde mam Luc Frieden an dem Carlo Thill, déi allen zwee am Film ze gesi sinn, a mam Alain Kinsch, well mer och en Acteur wollten hunn, deen net am Film ass an d'Saach vu bausse gesäit.

Moderéiert gëtt d'Table ronde vum Journalist Christian Muller, dee sech 2008 och mat der Finanzkris zu Lëtzebuerg beschäftegt huet. Et gëtt nach fräi Plazen an de Laurent Moyse ass iwwerzeegt, dat Leit, déi sech fir de Sujet interesséieren, et net bereie wäerten.