Nach bis e Samschde mat leeft den internationale Kongress vun der klinescher a medezinescher Hypnos zu Lëtzebuerg. RDV ass do de European Convention Center an der Stad, wou eng 150 Orateuren iwwer 4 Deeg Konferenze ginn. Marie Gales.

13/05/2022 Internationale Kongress vun der Hypnos Internet
RTL

© pixabay.com

De President vum Institut Milton H. Erickson zu Lëtzebuerg a vun dësem Kongress, de Marco Klop verweist op déi renomméiert Experten aus dem Ausland, déi dëser Deeg viru Professionelle vun der Santé beim 12. Forum vun der Confédération Francophone d’Hypnose et Thérapies Brèves hir Virträg halen. Firwat Lëtzebuerg fir dëst grousst Event? Ma well Lëtzebuerg als multikulturellt Land am Zenter steet.

D'Hypnos kann een uwennen op ville Gebidder wéi bei Operatiounen, Psychotherapien oder an der Medezinne am Generellen. Ënnert anerem och bei Alzheimer a Rheuma, wou jo d'Péng bei ville Patienten de stännege Begleeder ass. De Marco Klop:

Déi Patienten, déi eng chronesch Péng hunn, do gëtt et och d'Hypnos a mat deenen Techniken, déi ee kritt, vun der Hypnos, ass et méiglech säi Bild a sech elo net ze konditionéieren, mä an eng Verfassung ze setzen wou een en anert Verhältnis mat der Péng huet.

Do stécht eng richteg Prise en Charge hannendru fir eraus ze fannen wéi d'Hypnos am beschten ze applizéieren.

1. fir ze kucke wou déi psychosomatesch oder physesch Probleemer sinn an dann ass d'Hypnos en Outil, deen ee benotzt an deene Kompetenzen, déi een huet

Entretemps konnt een a performante IRMe gesinn, wéi am Neurospin zu Paräis, datt d'Gehier anescht schafft ënnert d'Hypnos, nach emol de Dokter Klop.

Bis 1997 war et an der Medezinne jo esou, datt een 3 Zoustänn vum Bewosstsinn kannt huet, d'Wackereg-sinn, de Schlof an am Schlof hu mir den Dram. Déi 3 konnt ee beweisen duerch den Electroancelofogramme. D'Hypnos konnt een awer net esou gesinn. Par konter mat deenen neien Techniken, déi Enn 1990er koumen, Pet-Scan oder IRM, huet eng renomméiert Doktesch vu Léck du bewisen, datt d'Leit ënnert Hypnos ganz aner Plaze am Gehier benotze wéi déi Leit, déi elo net ënnert d'Hypnos sinn.

 

D'Hypnos kéint een esou beschreiwen: Wat den Dram am Schlof ass, ass d'Hypnos beim Wackereg-Zoustand, sou de bekannte franséischen Hypnotherapeut François Roustang. Am Englesche schwätzt ee vun Daydream.

RTL

© pixabay.com

Kuckt och op

an

Weider Detailer fannt Dir op rtl.lu mat Internetlinken. Nach emol gesot, dëse Forum adresséiert sech u Professioneller aus dem Medezinne.