U sech sinn am Moment déi Äishelleg am Gaang, mee wann ee sech eist Wieder ukuckt, mierkt een, datt Mamertus, Pankratius, Servatius, Bonifatius an d'Sophie hirem Numm dëst Joer keng Éier maachen. De Marc Hoscheid huet bei Kachelmannwetter nogefrot a gouf gewuer, datt dat waarmt an dréchent Wieder eis nach eng Zäitchen erhale bleift.

13/05/2022 Afenhëtzt amplaz Äishelleg (Internet)

Et ass zwar nach Fréijoer, mee zu Lëtzebuerg sinn d'Temperaturen aktuell sou héich, datt een mengen kéint de Summer hätt dëst Joer e Fréistart higeluecht. De Clemens Grohs vu Kachelmannwetter erkläert, wourun dat läit.

Clemens Grohs: "Über Mitteleuropa erstreckt sich ein kräftiges Hochdruckgebiet, das von der iberischen Halbinsel quer über Westeuropa bis nach Mitteleuropa reicht. Im Bereich dieses Hochs werden warme Luftmassen aus Südwesten zu uns geführt, was bereits zu Temperaturen von über 25 Grad gesorgt hat."

Och wann aktuell d'Zäit vun deenen Äishellegen ass, ass dës Wiederlag zu dësem Zäitpunkt awer net sou ongewéinlech ass, wéi ee vläicht menge kéint.

Clemens Grohs: "Die Wetterlage ist nicht ganz außergewöhnlich, eine sommerliche Wetterlage im Mai ist immer mal wieder vorgekommen. Eher seltener ist es jedoch, wenn man im Mai mehrere Tage hat, an denen ständig über 25 bis zu 30 Grad herrschen, das sind schon hochsommerliche Temperaturen."

Déi aktuell Temperaturen dierften eis nach bis Enn vun der nächster Woch erhale bleiwen. Dëse Weekend wäert e ganz Sonnege ginn, mat bis zu 24 Grad e Samschdeg an esouguer 28 Grad um Sonndeg. Wärend et e Méindeg an en Dënschdeg liicht ofkillt an déi eng oder aner Reeschauer méiglech ass, sollen d'Temperature mëttwochs rëm unzéien an en Donneschdeg kéint d'Grenz vun 30 Grad geknackt ginn. Mee och wann am Ufank vun der nächster Woch déi eng oder aner Drëps vum Himmel falen sollt, ass et aktuell vill ze dréchen, de Clemens Grohs weess firwat. 

Clemens Grohs: "Das Problem ist, dass wir schon lange Zeit keinen flächendeckenden Landregen mehr hatten. Die Gewitter und Schauer, die am Montag und Dienstag hin und wieder durchziehen können, sind sehr lokal, das heißt nur einzelne Landwirte werden profitieren. Bis kommenden Freitag ist kein flächendeckender Regen in Sicht, der die Trockenheit lindern könnte."

D'Fro ob mer eis drop astelle mussen, datt et an Zukunft generell méi dréche gëtt, kéint een net zouverlässeg beäntweren. Och wann aktuell eng dréche Phas ass, kéint de Juni oder och nach dee méi spéide Summer fiicht ausfalen.