Ee vun de bekanntsten Beienziichter aus dem Land, de Lëtzebuerger Champion am Boxen an e Museker mat engem Nummer 1 Hit an Däitschland, waren gëschter d'Invitéeën vum Fabienne Zwally.

21/05/2022 Live Planet People!
RTL

De Michel Collette ass deene Meeschten als Beiemich e Begrëff. De Biobeienziichter vu Mäerzeg, deen och vill am Centre d'écologie et de la jeunesse zu Huelmes an- an ausgeet, hält reegelméisseg Referater wou hien explizéiert wéi Beien matenaner kommunizéieren

21-05-2022 LIVE (1) Michel Collette
RTL
RTL

De Stéphane Mota ass Joergang 1996, an zanter 2014 boxt hien beim "Boxing Club Diddeleng". Vun 22 Boxmatcher huet de Stéphane der 14 gewonnen. De Lëtzebuerger Champion vun 2019-2021 ass aktuell een vun 5 Boxer aus deem Veräin, deen den 8ten Abrëll 1935 gegrënnt gouf

21-05-2022 LIVE (2) Stephane Mota
RTL

Eng flott Geleeënheet fir Boxsport zu Lëtzebuerg live z'erliewen bitt sech e Sonndeg 29. Mee um 16h00 am Centre Sicosport zu Rëmeleng organiséiert vum "Boxing Club Rumelange".

RTL

Den Museker Alex Christensen geet am Juni mam "The Berlin Orchestra" op Tournée. Mam Musekprojet U 96 an der Single "Das Boot" huet hien et 1991 op Platz 1 vun den däitschen Verkafscharts gepackt. Hien huet sech e Numm als Produzent vum Tom Jones, Oli P., Marianne Rosenberg an Paul Anka gemaach an huet den Nummer 1 Hit "I Believe" fir d'Band Bro'Sis bei Popstars 2001 geschriwwen.

21-05-2022 LIVE (3) Alex Christensen
RTL