Wien nach kuerzfristeg Plaz am Agenda huet, fënnt am Kader vun Esch 2022 haut an de Weekend nach e puer kulturell Highlights.
Speziell fir dëst Joer huet d'Stad Esch all Mount eng Nuit de la culture, all Kéiers an aneren Escher Quartier’en, deierer vill Impulsiounen a Lankelz a Dellhéicht.
Dëse Mee-Weekend steet villes am Zeeche vun de Geschichten an dem Liesen. D'Kufa invitéiert d'Leit Geschichte vu ganz jonke Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen ze entdecken.
Och am Kader vun Esch 2022 gëtt zu Audin-le-Tiche bei den ale Minnen eng grouss Elektro Rock Oper den Owend géint hallwer 10 opgefouert. Totem ass e risegen Open Air Spektakel aus der Zukunft mat enger Tonn Kostümer, Rhythmus, Gesang a ronderëm d’Theme Flucht a Migratiounen, méi aktuell wéi jee, wéi de Realisateur erkläert:

13052022TeaserThill&Vinkowski03Migration

Méi iwwert dës Oper, gitt der am aktuelle Podcast Thill&Vinkowski iwwert RTL Play gewuer
Musek a Stol vermëschen sech dann e Sonndeg am groussen Auditoire vun der Uni, Nomëttes um 5 Auer un.  E spannende Programm ronderëm d’Thema Schmelzen, mat der Diddelenger Musek, der Bergkappele Saar an der Escher Musek.
All Detailer a Linke fannt der iwwert radio.rtl.lu