Dëse Mount stoung Beetebuerg als Gemeng vum Mount am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit vun Esch2022. Den traditionelle LiteraTour hat dofir eng ganz besonnesch Offer unzebidden. Dozou gehéiert och d'Theaterstéck "Et geet ëm eng gëlle Kou", dat de Kaleidoskoptheater am Kulturzenter zu Hénchereng spillt.

16/05/2022 Esch2022 / Theater zu Hénchereng: 'Et geet ëm eng gëlle Kou'

D'Theema dovunner aus Europa, ëmmerhi sinn et elo 65 Joer hier, datt zu Roum de Grondstee vun der EU geluecht ginn ass. A véier kuerzen Eenakter geet et ëm Europa vun haut: aus der Vue vun zwee portugiseschen Auteuren an aus der Vue vun zwee Lëtzebuerger Auteuren aus verschiddene Generatiounen. D'Iddi dervun haten zwee vun den Auteuren, déi och Frënn sinn, den Joao Santos Lopes an de Jean-Paul Maes.

"Et geet eis dach all ëm eng Gëlle Kou. Mee wei gesäit déi aus? Wéi fett oder gouereg ass si an deene verschiddene Länner?" sou ginn déi satiresch, witzeg awer och batter Stécker am Programmheft beschriwwen. D'Vue ass a béide Länner anescht. Lëtzebuerg gehéiert jo zu de Grënnungsmembere vun der EU, Portugal koum eréischt 1986 an d'Unioun. D'Land huet laang ënnert enger Diktatur gelidden.

 De Joao Santos Lopes weess, datt säi Stéck, wat e virun engem Joer wärend der Pandemie geschriwwen huet, haut sécher eng aner Thematik hätt.

Wann ech d'Stéck haut géif schreiwen, wier et anescht, well d'Realitéit an Europa haut eng aner ass wéi virun 1 Joer. Op eemol schwätzt kee méi vun de Migratiounen, vun de Flüchtlingen aus Nordafika, déi iwwert d'Mëttelmier koumen, oder iwwer d'Situatioun an Ungarn z.Bsp. Op eemol hu mer vläicht geschwënn en 3. Weltkrich. D'Realitéit an Europa ass anescht, si ass dramatesch an et weess een net richteg, wat ee soll iwwer d'Evolutioun vun Europa haut denken.

Déi aner zwee Eenakter si vun de jonken Auteuren Ian de Toffoli a Claudia Lucas Chéu. Si ginn all op Lëtzebuergesch gespillt vum Esther Conter a Claude Faber. Virstellunge sinn nach tëscht dem 1. an dem 11. Juni zu Hénchereng.