Wéi lafe Fotoshootinge mat Muppen oder aner Déieren of? Kann och mat wibbelegen Hënn Fotoe gemaach ginn? A wéi ass et dann, wann e Mupp net ka fräi lafe gelooss ginn? Alles Froen, déi mir dem Muppefotograf, Benny Schiltz, gestallt hunn.

20/05/2022 De Muppefotograf

D’Léift zu den Déieren engersäits, an d’Passioun fir d’Fotografie anerersäits, huet de Benny Schiltz matenee verbonnen.

«Ma ech hat am Fong ëmmer vill fir Déieren iwwereg. Ech hat selwer ëmmer Hënn a Kazen doheem, och vu Klengem u schonn an ech wollt iergendeppes mat Déieren och maachen, sief et mat e schaffen an ech hunn dat e bësse mat mengem Hobby Fotografie verbonne gehat, datt ech och Hënn fotograféieren an Déieren am Groussen a Ganze fotograféieren. Bëssen zu der Léift zu den Déieren, déi ech ëmmer hat an zu mengem Hobby  Fotografie sinn ech wierklech dozou komm, dat e bëssen dat Eent mat deem Aneren ze verbannen.»

Eng Viraussetzung ass emol, datt ee sech schonn d’Basiswëssen iwwer d’Technik vun der Fotografie ugëeegent huet. Et soll e schonn oppe si fir Weiderbildung an dësem Beräich.

«Léieren natierlech, ech menge vun haut op muer kann een dat net selwer wëssen, wéi et geet. Ech hu mech extrem vill weidergebilt, sief et lo online Workshops bei aner Fotografen oder Videotutorials effektiv och, awer och dann eent zu eent Workshops bei anere Fotografen, wou ech dann an d’Ausland fueren a mol kucken, wéi si schaffen, do léiert ee Saache bei. Et léiert een och aner Leit kennen a bëssen déi Iddie bësse kennen an et kann ee sech en Netzwierk dann opbauen an dann huet een ëmmer an de soziale Medie Kontakt mat Leit an da weess een, wat een an Zukunft vläicht  aneschters ka maachen oder wou een an Zukunft bësse méi Ae wäert drop leeën.»

D’Shootinge ginn net an engem Studio gemaach, mee dobaussen; sief et am Bësch, op Wisen oder a Stied. De Benny Schiltz fotograféiert keng Mënschen. Hien huet haaptsächlech Muppen als Modell, awer net nëmmen.

«Gréisstendeels sinn et Muppen, déi ech fotograféieren. Dat heescht awer net, datt ech lo net onbedéngt aner Déiere fotograféieren, sief et Kazen oder och Päerd. Mee am gréissten Deel sinn et meeschtens Hënn, well ech och privat vill mat Hënn ze dinn hunn an och an engem private Veräin mat Hënn aktiv sinn an do och bësse méi einfach dann u Modelle kommen, soen ech mol, fir Muppen ze fotograféieren.»

Op d’Location fir esou ee Shooting kënnt et och un. Dowéinst ass dëse Fotograf ëmmer erëm op der Sich no neien, interessante Plazen dobaussen. Hie versicht dobäi op d’Wënsch vun de Leit anzegoen. Wann déi awer nach keng Iddi hunn, wéi d’Fotoe sollen ausgesinn, da freet hie se, wéi d’Foto muss sinn, fir se an d’Stuff ze hänken.

«Et ass lo keen Hond, deen een elo net ka knipsen, soen ech mol. All Hond ass fotogen. Et ass mol deen een Hond méi wibbeleg, wéi deen aneren Hond, wat vläicht da bësse méi eng Erausfuerderung fir de Fotograf dann ass, fir eng roueg Portraitsfoto vum Hond ze maachen. Mee och do ginn et Tipps an Tricks fir an e Shooting eran ze kommen, lues a lues, dass en Hond sech un d’Situatioun gewinnt. Eventuell kennen den Hond an d’Leit d’Situatioun net, dass se fotograféiert ginn an da kann een och mol ufänke mat engem Actionshooting, wou en Hond ka lafen, dass e sech e bësse kann austoben, dass en e bëssen erof kënnt an da kann een duerno e bëssen an déi Porträtssaach era goen, wou den Hond méi roueg da muss sëtze bleiwen.”

E Spadséiergang am Ufank hëlleft dem Hond an och dem Meeschter fir eventuell Opreegung ze calméieren. Dem Mupp seng Liblingsspillsach an eventuell Leckerlie soll een net vergiessen, fir mat op de Shooting ze bréngen.