D'Natur leit de Moment. Dat schéint Wieder bréngt mat sech, dass een all Moien mengt et wier een an der Vakanz, wann d'Sonn sech weist, an eng Sonnestonn sech un déi aner hänkt, awer fir d'Planzen ass dat de Moment eng schwéier Zäit. De Jeannot Lacour mécht haut éischter eng Feststellung wéi dass hien eis vill gutt Tuyauen gëtt.

14/05/2022 Gaardentipps
RTL

Wat eis feelt am Moment ass ganz gemittleche Reen. Se hunn d'nächst Woch Donnerwieder gemellt, wat elo net onbedéngt fir de Gaart positiv ass, fir de Buedem positiv ass. Well wann e Wieder kënnt, dann kënnt de Reen fest erof a leeft driwwer, well de Buedem keng Zäit huet en opzehuelen. Firwat et eis och richteg u Waasser feelt am Buedem, ass well mer einfach kee Schnéi méi hunn. Schnéi, deen de Wanter um Buedem leit, gemittlech schmëlzt, an dann och lues a lues an de Buedem eranzitt.

14-05-2022 Gaardentipps - Jeannot Lacour - grouss Dréchent
RTL

Wou een apaart gutt gesäit dass eppes net stëmmt, ass wann een iwwer Land fiert an et stëbst. Awer och de Wues gesäit net gesond aus.

Ier de Wues gielt gëtt, gesäit een, am Ufank wann e vu Waasser leit, dass en ufänkt schwaarz uewen driwwer ze ginn. E schimmert sou schwaarz - gro - brong. An dann ass et wierklech de Moment wou ee seet, t'ass elo am Moment ze dréchen. Mä, dat muss ech och wëssen. Wann ech ufänken mäin Wues ze nätzen, dann muss ech permanent nätzen. Dat heescht ech fänken eng Kéier u mat nätzen, an dann wann ech ophalen mat nätzen, da leit en natierlech nach méi. E war gewinnt am Fong geholl Waasser ze kréien. Natierlech ass dat eng Saach déi an de Portmonnie schléit, an en plus ass et net grad am Moment fir Waasser ze verbëtzen, well net vill Waasser do ass.

14-05-2022 Gaardentipps - Jeannot Lacour - nätzen
RTL