Eng Kou mécht net vill, se frësst, se gëtt Mëllech a se liwwert Fleesch. Dat mengen déi meescht, mee wéi bei ganz villen Déieren, spillt sech bei de Kéi méi am Kapp of, wéi een heiansdo menge géif. Wéi flott dat dann och nach ze kucken ass, zielt Iech de Jeff Rossler.

17052022 Dee mat de Kei pespert (Internet)

Wéi schwätzt ee mat enger Kou?
Muh Muh Muuuhhh oder wéi muss ee sech dat virstellen.
An den nächste Minutten stellen ech iech e Mann vir, deen och nach de Kou-Pësperer genannt gëtt. An dee behaapt esouguer dass ee Kéi trainéiere kann.

De Begrëff "domm Kou" ass wuel éischter deplacéiert. Eleng vun der Gehierkapazitéit si se bal esou schlau wéi Hënn. Dat gesäit een eleng schonn, wann et ëm elektreschen Drot geet. Et muss just eng Kou vun der Häerd den Drot beréieren an déi aner Déiere léieren dorausser an halen Distanz. Dass mir dës Intelligenz net gesinn, läit dorunner, dass mir d'Kéi net wierklech fuerderen, esou de Markus Holzmann, en däitsche Bauer, dee mëttlerweil och als "Koucoach" bekannt ass.

Markus Holzmann: Rinder haben generell leider nie die Möglichkeit zu zeigen, was sie eigentlich wirklich drauf haben, weil sie jeder nur kennt, wie sie auf der Wiese stehen, Gras fressen oder eben Milch geben und keiner sich richtig mit denen beschäftigt.

Fuerscher hu jo och scho gepackt Kéi ze trainéieren, z.B. dass se just op gewësse Plazen op d'Toilette ginn. De Markus Holzmann mécht éischter eng Aart Zirkustraining oder e kuckt ënnert anerem och, bei Verhalensproblemer mat den Déieren ze hëllefen. Fir dat hin ze kréie muss een d'Déier awer och motivéiere kënnen.

Markus Holzmann: Mit Rindern muss man mit viel Belohnung, Ruhe und Geduld arbeiten. Die machen nichts einfach so, es muss sich einfach lohnen, egal ob durch Futter, Streicheln oder Kuscheln.

Do gëtt et dann och net deen een Training dee funktionéiert, mee alles ass ofhängeg vun der Situatioun.

Markus Holzmann: Zuerst kommt es darauf an, was ich mit dem Rind machen möchte. Halftern, mit ihnen spazieren gehen, Zirkuslektionen, einfahren oder falls ein Mal ein Problem vorliegt. Bei Problemen, da analysiere ich erstmal das Verhalten, wieso das Rind das macht, und dann suchen wir eine Lösung. Da jedes Rind unterschiedlich ist und seinen eigenen Charakter hat, gibt es da zig Möglichkeiten.