31 Grad Celsius ginn muer plazeweis erwaart, an dat op engem 18ten Mee. Dat bedeit fir de Mënsch vill drénken, eeler Leit sollen vill drénken och wa se keen Duuscht spieren, mä wéi ass et mat de Planzen? De Jeannot Lacour, eisen Gaardenexpert huet d'lescht Woch schonn gesot dass de Wues Fiichtes brauch soss gëtt en schwaarz/brong, awer och d'Planzen loossen de Kapp hänken well eppes feelt.

RTL

Planzen, déi zum Beispill am Hierscht gesat ginn oder elo am Fréijoer gesat ginn sinn, do gesäit een och dass se ënnert der Dréchent leiden. Se fänken un d'Läpper hänken ze loossen. Se fänken un dat eent oder anert gielt Blat ze kréien. Do muss een natierlech mat Waasser intervenéieren, well wann een dat net mécht ginn d'Planzen futti. Do muss ech dann op Zack sinn. D'Planzen nätzen onbedéngt, a reegelméisseg kucken op de Buedem wou se dran stinn och nach fiicht ass. Ass dat net de Fall da kënnen déi Planzen futti goen.

17-05-2022 Gaardentipps - Jeannot Lacour - jonk Planzen leiden
RTL

A wat fir déi jonk Planzen gëllt, trëfft leider och ëmmer méi op déi eeler Planzen zou, déi schonn 10, 15 Joer op där selwechter Plaz am Buedem stinn. Och hinnen hier Reserven huelen ëmmer méi of, an dat ënnert anerem well am Wanter kee Schnéi méi fält, deen am Fréijoer dann lues a lues an de Buedem zitt, wann déi wäiss Pruecht schmëlzt.

A mir wäerten gesinn, wann et elo sou weider geet mat der Dréchent, dass och déi Planzen déi schonn jorelaang am Buedem sinn, och wäerten ufänken d'Läpper hänken ze loossen. Déi wäerten net ganz futti goen, well natierlech hiert Wuerzelwierk extrem entwéckelt ass, vill méi grouss wéi bei Planzen déi viru kuerzem an de Buedem gesat ginn sinn. Dat heescht déi kënnen nach vill méi déif, an déif Zonen Waasser sichen goen, mä t'ass opgefall dass och déi lescht Joren sou Planzen Problemer hunn. T'gëtt jo vun Äerderwiermung geschwat, dh mir mussen eis och bei de Planzen am Gaart dorobber astellen, dass mer warscheinlech an Zukunft Planzen setzen déi net souvill Waasser brauchen.

17-05-2022 Gaardentipps - Jeannot Lacour - och eeler Planzen brauchen Waasser
RTL