D'EU Komissioun huet hir Chat-Kontroll Pläng presentéiert, fir besser géint Kannermëssbrauch, virun allem am Internet virzegoen. Eng Aktioun déi zwar fir eppes Guddes kämpft, mee mat engem héije Präis: Eis Privatsphär. Zu Lëtzebuerg gëtt et dofir och scho Kritik dorunner, wéi effikass d'Mesure wierklech solle sinn. De Jeff Rossler weess méi.

20/05/2022 Chat-Kontroll (Internet)

Matt Chat-Kontroll soll an Zukunft all Noriicht, egal ob Text, Foto oder Video, vun egal wéi enger App oder Websäit, gescannt ginn. Wann d'kënschtlech Intelligenz dann eppes Verdächteges gesäit, gëtt d'Noriicht un den EU-Zentrum weider geschéckt, déi dat ganzt nach eng Kéier méi genee kucken. D'Konsequenz dovunner ass, dass d'Chatten net méi privat a verschlësselt sinn, wat e nawell groussen Aschnëtt an eis Privatsphär ass, esou de Sam Grüneisen vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg.

Sam Grüneisen: Dat géif och dozou féieren, dass d'Verschlësslung vun den Texter opgehuewe muss ginn, respektiv dass do eng Hannerdier muss agebaut ginn, wat dann déi ganz Verschlësslung ad absurdum féiert. Weiderhin wäert et och dozou kommen, dass et do vill sougenannte "false positive" wäerte ginn, well kënschtlech Intelligenz feelerufälleg ass, an déi wäert och ëmmer mëssbraucht ginn.

Vun dëser Reegelung sinn alt och nawell vill Privatleit betraff, mee och d'IT-Sécherheet, Journalisten oder Whistleblower, déi vun enger sécherer Kommunikatioun ofhängeg sinn. Mee wéi gesäit et da mat de Kriminellen aus?

Sam Grüneisen: Déi Leit, déi et soll treffen, also déi, déi deen illegale Contenue produzéieren an och nach verdeelen, déi hunn aner Mëttel a Weeër, fir dat kënnen ze maachen. Déi Leit verschécken esou Saachen net iwwer TikTok oder Instagram. Et schéisst um Zil laanscht.

Dobäi ginn et scho Methode, déi hautdesdaags schonn méi oder manner funktionéiere, wann et ëm d'Bekämpfung vu Kannermëssbrauch am Internet geet.

Sam Grüneisen: Hautdesdaags gi jo ëmmer erëm vill esou kriminell Strukture vun der Police ënnerwandert an héich geholl. Dat Ganzt geschitt och schonn ouni Chat-Kontroll. Et kann een och drop opmierksam maachen, datt wann een hautdesdaags esou kriminelle Contenu gesäit, dass een deen och ganz einfach ka mellen. Hei am Land z.B. geet dat, wann een et op enger Websäit fënnt, iwwer d'Stopline vu BEE Secure.

Soss kann een och nach seng Kanner a Jugendlech opklären oder sech pedagogesch Ënnerstëtzung siche, fir déi Jonk präventiv scho besser ze schützen.