Christi Himmelfaart fält ëmmer op de 40ten Dag no Ouschteren. Dat ass keen Zoufall, d'Zuel 40 spillt am Chrëschtentum nämlech eng wichteg Roll. Mee och an anere Reliounen, der Mythologie, der Biologie an der Politik trëfft een op d'40. Mee firwat ass dat sou? De Marc Hoscheid ass där Fro op de Grond gaangen.

23/05/2022 D'Zuel 40: vu Babylonien bis zum Bundespräsident (Internet)

De 40te Gebuertsdag léist bei deene mannste Leit Begeeschterung aus, dat wuel an éischter Linn, well op deem Dag knapps d'Hallschent vun der statistescher Liewenserwaardung erreecht ass. Ee klengen Trouscht fir déi Betraffe kéint sinn, dat d'Zuel 40an der Mythologie an a verschiddene Reliounen eng zentral Roll spillt, woubäi d'Bedeitung variéiert.

D'40 gëllt als Symbolzuel vun der Prüfung, der Initiatioun awer och vum Dout. Den Ursprong vum 40-Deeg-Rhytmus geet bis an dat aalt Babylonien zeréck. Deemools gouf beobacht, datt an deem Zäitraum vu 40 Deeg, wou d'Stärebild vun de Plejaden sech hannert der Sonn verstoppt, et zu méi Donnerwieder an anere Gefore kënnt. Als Zeeche vun der Freed iwwert de Schluss vun där Period goufe 40 Schilfréier verbrannt. An der Antik haten zudeem vill Tempele 40 Sailen.

Och spéider am Juddentum an am Chrëschtentum huet d'Zuel 40 eng wichteg Bedeitung. Laut dem Alen Testament huet  d'Sintflut 40 Deeg gedauert, de Moses war 40 Deeg um Bierg Sinai an d'Hebräer sinn 40 Joer duerch d'Wüüst gewandert. Am Neien Testament heescht et dann, dat de Jesus, nodeems en operstanen ass, seng Jünger 40 Deeg iwwert dem Gott säi Räich ënnerriicht huet, bis en an den Himmel agekéiert ass. Dowéinst dauert d'Zäit vun der Freed tëscht Ouschteren an Christi Himmelfaart 40 Deeg. 40 Deeg dauert an der kathoulescher Kierch och d'Faaschten virun Ouschtere respektiv Chrëschtdag, wat der Dauer vum Jesus senger Wanderung duerch d'Wüüst entsprécht.

Am Islam huet ee mam Alter vu 40 Joer seng voll Kraaft erreecht an et ass ee bereet sech ganz zu Gott ze bekennen. Dowéinst gouf de Mohammed och mat 40 Joer zum Prophet beruff. Dem Mose seng 40 Deeg um Sinai sinn Virbild fir eng genee esou laang Zäit vun der Besënnung. Am islamesche Volleksglawe gëtt et zudeem 40 verbuergen Helleg, déi op der Welt ronderëm wanderen, sech awer reegelméisseg op bestëmmte Plazen treffe fir ze bieden.

Mee och an der profaner Welt trëfft een op d'Zuel 40. Sou dauert beispillsweis eng mënschlech Schwangerschaft  40 Wochen. Bei eisen däitsche Nopere muss een op mannst 40 Joer hunn, äert ee fir de Poste vum Bundespräsident kandidéieren dierf, well mat deem Alter eng gewësse Maturitéit verbonne gëtt. An Quarantän, ee Wuert, dat mer an de leschten zwee Joer am Kader vun der Corona-Pandemie nawell méi dacks dacks héieren hunn wéi eis léif war, kënnt vum franséische "Quarantaine". Just gutt, datt d'Gesondheetsexperten dëse Begrëff net wuertwiertlech huelen.