Op an der Loft, am Waasser oder am Buedem, Insekte fanne mer iwwerall. Si sinn duerch hir Existenz a Leeschtung fir de Mënsch an eist Ökosystem vun enormem Wäert. A vill Aarte sinn an hirer Existenz bedréit. Haut ware mer fir d'Bestëbser ënnerwee.

20/05/2022 B&B Action Weeks

De Ministère fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung, an Zesummenaarbecht mat senge Partner, organiséieren dëst Joer fir d'éischte Kéier d'Aktiounswoche fir Bestëbser zu Lëtzebuerg. Dëst Evenement ass Deel vum Nationalen Aktiounsplang fir d’Bestëbserinsekten an ass eng flott Geleeënheet fir déi faszinéierend Welt vun de bestëbsenden Insekten am Kader vun Ausflich an Atelieren ze entdecken an ze léiere wéi een se ka schützen, Nora Elvinger vum Ëmweltministère?


20/05/2022 Best of B&B Action Weeks 1

20/05/2022 Best of B&B Action Weeks 1

RTL

© sias.lu

Méi Blummen, Sträich a Beem, déi fir d‘ganzt Joer iwwer Nektar a Pollen als Fudder fir Beien an aner Bestëbser unzebidden ass eent vun den Ziler vun den B&B Action Weeks, Lisa Sibenaler vum Naturschutzsyndicat Sicona:

20/05/2022 Best of B&B Action Weeks 2

20/05/2022 Best of B&B Action Weeks 2

RTL

© pixabay

Et muss net just sécher gestallt ginn, datt dat ganzt Joer iwwer genuch Fudder fir d’Bestëbserinsekten do ass, mee och datt si a Sécherheet kënne nisten - a fir datt déi nächst Generatioun de Wanter iwwerlieft, fir d’Fréijoer drop kënne nei ze starten. Den Tom Dall'Armellina vum Naturschutzsyndicat Sias:

20/05/2022 Best of B&B Action Weeks 3

20/05/2022 Best of B&B Action Weeks 3

RTL

© bbweeks.lu