D'Examen hunn ugefaangen an domat gëtt et Eescht fir dausende vu Schüler déi elo alles anescht wéi eng entspaante Phas an hirem Liewen hunn. Wéi erlieft een deen Examen, wéi geet ee mam Stress ëm an ass et gutt dass eng Woch Vakanz an d'Examen fält. Mir hu bei enger Schülerin déi matten am Examen ass nogefrot.

18/05/2022 Premièresexamen hunn ugefaangen

De Schoulalldag ass fir d'Primaner elo mol en aneren. Mat den Ofschlossexamen fänkt eng aner Gei un.

Mir hu beim Anne Lecuit nogefrot wéi een duerch esou en Examen kënnt. D'Anne ass de Moment matten am Examensstress. Hatt hat schonn Tester an der "Connaissance du Monde" an an der Pedagogie, wou et dann och gutt gaangen ass.

Duerch de Stress gëtt een natierlech och méi fréi waakreg. D'Anne konnt schonn um 05h00 Auer net méi schlofen. Stress an Appetitlosegkeet stoungen op der Affiche. Beim Moieskaffi mat den Elteren hätt ee kéinten eng Nol héiere falen.

Fir de Stress e bëssen an de Grëff ze kréien gi Schüler hier Methoden un anerer weider. Eng dovun ass meditéieren mat aneren ze schwätzen fir sech esou géigesäiteg Courrage ze maachen.

Et ass deen éischten Examen an deen eng Vakanz fält. Dat ass e praktesche Plus, hei gëtt profitéiert fir d'Matière nach eemol ze widderhuelen.