Haut viru 50 Joer huet sech den Inselstaat Ceylon am Indeschen Ozean eng nei Verfassung an en neien Numm ginn.

22/05/2022 Op den Dag: Sri Lanka

25 mol méi grouss ewéi Lëtzebuerg a knapp 22 Milliounen Awunner, optesch ewéi eng riseg Drëps, déi ënnen aus Indien erauskënnt. Sri Lanka oder Ceylon ka vu sech behaapten, datt et dat éischt Land op der Welt war, dat eng Premierministerin hat: d'Sozialistin Sirimavo Bandaranaike ënnert där d'Land am Joer 1972 deen neien Numm krut: U sech e ganz alen Numm - Lanka bedeit Insel, Sri Lanka déi stralend Insel.
2000 Joer laang gouf d'Insel vun diverse Kinnekräicher regéiert, am 16. Joerhonnert wor et gréisstendeels eng portugisesch, uschléissend eng hollännesch Kolonie. Just e klengen Deel vum Land konnt sech laang géint friem Herrschaft wieren, bis am 19. Joerhonnert déi komplett Insel Deel vum brittesche Welträich gouf. Wärend dem 2. Weltkrich war Ceylon eng strategesch Basis vun den Alliéierten am Kampf géint Japan. An am Joer 1948 koum dunn, no friddleche Verhandlungen, d'Onofhängegkeet vu Groussbritannien.

RTL

© Patrick Fransoo / pixabay

Eng 70% vun de Sri Lanker, oder vun de Singhalesen an Tamilen, wéi d'Awunner genannt ginn, si Buddhisten. Ayurveda ass hei d'Liewensphilosophie - d'Wëssenschaft vum Liewen, op der Insel méi, ewéi just eng traditionell Heelkonscht.
Colombo ass d'Haaptstad, ronn 560.000 Leit liewen hei. Zu Colombo gëtt et iwwregens déi weltwäit eenzeg Bourse fir Téi. Téi ass, nieft Kaffi, Kautschuk a Kokosnëss den Haapt Exportartikel. A wat beim Noper Indien d'Kéi duerstellen, sinn op Sri Lanka d'Elefanten: Helleg Déieren.
A wat een als Tourist op kee Fall donidde soll maachen: Respektlos Fotoe vun oder mat Buddhastatuen. Virun 11 Joer hunn nämlech franséisch Touriste Biller mat esou Statue gemaach, op deenen et ausgesäit, ewéi wa se d'Figure géife këssen.
Resultat: 6 Méint Prisong ...

RTL

© Ama Dam Vila / pixabay