An e bësse méi wéi engem Mount ass erëm de Siweschléiferdag. Och wann d'Déiere vläicht net ganz esou vill vun der Meteo verstinn, gehéieren se awer och zu eisem Ökosystem an et sollt een och oppassen, dass se eis erhale bleiwen. De Mouvement Ecologique huet dofir eng Aktioun an d'Liewe geruff, fir d'Schléifer besser am A ze behalen.

23/05/2022 Aktioun Schléifer

D'Aktioun Schléifer konzentréiert sech net nëmmen op de Siweschléifer, mee och op d'Hieselmaus an de Gaardeschléifer. Vun dëse Knabberdéieren gëtt probéiert eng Bestandsopnam ze maachen, esou d'Michelle Schaltz, responsabel vun der Biodiversitéit vum Mouvement Ecologique.
Michelle Schaltz: De Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall, zesumme mat hire Partner, ruffe jiddereen op, deen esou engem Déier begéint, dëst ze mellen. Dat kann een entweder iwwer d'Onlinedatenbank inaturalist.lu oder per E-Mail un natur@oeko.lu. Gläichzäiteg geet et bei der Aktioun drëms op dës sympathesch Déieren an hir Liewensraim opmierksam ze maachen an ze informéieren.

Em éischte Joer vun der Aktioun goufen 58 Schléifer gemellt, dovunner souguer 20 mat enger Foto. Och wann et net no vill kléngt, muss ee bedenken, dass d'Schléifer net ganz einfach ze beobachte sinn, wann ee bedenkt, wou den eigentleche Liewensraum vun den Déieren ass.
Michelle Schaltz: Eng Villfalt vu Beem an Hecke sinn immens wichteg, well se iwwert déi ganz Saison Iesse liwweren. Wann ee Bam z.B. verblitt ass, da bitt den nächsten am Idealfall scho Friichten un. Si brauchen och Hecken a Beem am oppene Gewan, also an der landwirtschaftlech genotzter Fläch. Se benotzen déi als Korridor fir vun enger Plaz op déi aner ze wanderen. Schléifer setzen u sech hiert ganzt Liewe kee Fouss op de Buedem a verbréngen déi ganzen Zäit an de Beem an an den Hecken.

Schléifer iesse Bléien, Knospen oder Som, mee se sinn och Frënn vu klengen Déiere, wéi Schleeken zum Beispill. Esou këmmere sech d'Knabberdéieren och ëm d'Natur ronderëm sech.
Michelle Schaltz: Wa mir si schützen, profitéiere ganz vill aner Déieren a Planzen, déi mir Mënsche vläicht op den éischte Bléck net esou sympathesch oder attraktiv fannen, déi awer genee esou wäertvoll fir d'Ökosystemer an hir Déngschtleeschtunge sinn, vun deene mir Mënschen och immens profitéieren. Dovunner ofgesinn, gi Fuerscher och dovunner aus, dass d'Schléifer déi eelste Knabberdéieregrupp ass, déi haut nach op eiser Äerd lieft. Tatsächlech sinn déi eelste Noweiser fir d'Schléifer scho 50 Millioune Joer al.