Bei deem gudde Wieder mécht et ëmsou méi Spaass fir en Tierchen mam Hond spadséieren ze goen, an dann dierf en och gären e Stéck méi laang ausfalen. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth ass do awer anerer Meenung, an huet och e puer Ursaachen opzezielen, déi engem d'Freed un där deeglecher Gewunnecht huelen, an engem d'Flemm andreiwen.

19/05/2022 Déierentipp

Geschwënn huet ee guer keng Loscht méi fir mam Hond trëppelen ze goen. Um Trottoir gëtt ee scho schif bekuckt wann de Muppes nëmme Pippi mécht, déi grouss Kommissioune hëlt een do jo souwisou mat enger Tut fort. Am Bësch musse mir eist Kelly an der Flexiléngt halen well sengem Juegddriff einfach net bäi ze kommen ass. An des Lescht goufe mir vun engem Bauer vernannt well hatt duerch seng Kouwiss gejauft war.

19-05-2022 Déierentipp - Romi Roth - neien Honnsparasit - Explikatioun

De Schued, deen Honn op Weeden fir Kéi maachen wier iwwert Parasiten aus hire Kéipercher. Mir hunn hei och schonn iwwert dee Parasit rieds gehat, ëm deen et op de Schëlter geet, d'Baueren elo an d'Wise gestallt hunn.

Et ass den "Neospora caninum", deen och bei Honn selwer ganz uerg Problemer maache kann. Virun allem un de Muskelen an dem Nervenapparat, awer och un der Liewer. Ganz vill Honn kënnen dee Parasit awer och ouni Symptomer a sech droen an e mat hirem Stull weider verdeelen. Bei Kéi, déi de Keim mam Gras mat gefriess hunn, gëtt et par contre bal ëmmer uerg Problemer virun allem mat verwerfen. Dat heescht Källefcher kommen entweder vill ze fréi, oder ganz krank. Un "Hundekot ist Kälbertod" gëllt virun allem ze denken wann en Hond mat réiem Rëndsfleesch gefiddert gouf.

19-05-2022 Déierentipp - Romi Roth - neien Honnsparasit - Beschreiwung