D'Fuerscher vum Maartfuerschungsinstitut CollectPlus a Groussbritannien hunn eng Etüd realiséiert fir eraus ze fannen, ob et eng Grenz gëtt, wéini eng Fra ze al ass, fir nach eng Jeans unzedoen. Déi sexistesch Etüd wollte mir net esou stoe loossen, an hunn d'Fro méi global gestallt: Wéini ass een ze al fir eng Jeansbox?

20/05/2022 Emfro: Ze al fir Jeans

Eigentlech ass et bei der Etüd drëm gaangen, fir ze ermëttelen, wéi laang Fraen a Groussbritanien brauchen, fir déi perfekt Jeans ze fannen. D'Resultat: 5 Deeg! A bei 6 Prozent vun de Fraen déi bei där Ëmfro matgemaach hunn, huet déi Sich um Enn mat Tréinen opgehal. D'Fuerscher kommen zur Konklusioun, datt 53 Joer d'Limit fir Jeans ass, duerno gëtt de Risiko fir bei der Sich ze verzweifelen ze grouss. Dat läit awer net un de Persounen déi no enger Jeans sichen, mä un der Industrie déi Modelle liwwert déi un de Mannequinen an de Butteker zwar gutt ausgesinn, mä net un déi reell Figur vun der Majoritéit vun de Fraen ugepasst ass.