Mir musse reegelméisseg akafe goen an e groussen Deel vun eisem Akommes geet do virun allem fir Liewensmëttel drop. Do bleiwen da manner Suen, déi mir fir aner Saachen kënnen ausginn. Saachen, déi eis vläicht méi Freed am Liewe bréngen an net eng Necessitéit sinn. Ma mat der richteger Organisatioun kënnt Dir den een oder anere Su spueren. Hei e puer Spuer-Tippe vum Jeff Rossler.

23/05/2022 Sue spuere beim Akafen! (Internet)

Eng Rëtsch Saache kënnt Dir scho besser plangen, Ier Dir iwwerhaapt an de Supermarché gitt. Zum Beispill sollt dir scho mol kucken, ob Dir Prospekter oder Couponen iergendwou hutt. Wann ee sech reegelméisseg doriwwer informéiert, kënnt Dir beschtefalls bis zu 50% vum Präis aspueren. Kuckt dann och nach net spontan akafen ze goen, mee d'Woch ze verplangen: Wat wëllt Dir wéini iessen? Wat braucht Dir dofir? Wéini gitt Dir dofir akafen? Plangt Iech Är Deeg an a kaaft da just dat, wat Dir an deem Zäitraum braucht, bis Dir déi nächst Kéier plangt anzekafen. Spontan akafen ass dacks méi Duercherneen an da kaaft Dir Saachen, déi Dir vläicht net braucht.

Probéiert d'Präisser nom Gewiicht an dem Volume ze vergläichen. Dacks steet de Liter- oder Kilopräis dobäi an do kënnt Dir kucke, bei wéi enge Saachen Dir bei méi grousse Quantitéite méi oder manner spuert. Discount- an déi eege Marke vun de Supermarchéë sinn dacks och eng Alternativ. Wann de Präis vun engem Produit ëmmer méi erop geet, mee Dir gesitt de Produit och am méi bëllegen, da gräift zou! Dacks ass do souwisou bal dat nämmlecht dran, mee Dir hutt dofir da manner ausginn.

Kuerz éier d'Geschäft zou mécht, ass och nach e gudden Zäitpunkt fir akafen ze goen. Méi spéit sinn heiansdo méi gënschteg Offeren do, virun allem bei Uebst, Geméis, Fleesch oder beim Jughurt. Bei verschiddene Bäckere kritt een do och nach e Rabatt, zéckt also net fein a frëndlech mol nozefroen. A wann Dir dann nach e besseren Iwwerbléck iwwert är Finanz wëllt hunn: Bezuelt net mat der Kaart. Cash hutt Dir direkt virun Aen a kënnt besser aschätze wéi vill Sue nach iwwreg bleiwen.