Den nächste Mount, 16. Juni fir präzis ze sinn, invitéieren Imagine Dragons op de Belval fir eng Open Air-Show. Wien e bëssen no Musek vum Dan Reynolds a senge Leit am Netz sicht, huet villäicht och schonn déi eng oder aner Coverversioun vun den Amerikaner entdeckt.

Zum Beispill ass wärend enger Opnam an den Allsaints Studios viru 5 Joer och sou eng akustesch Coverversioun entstanen, an zwar vum Alanis Morrissette-Titel Hand In My Pocket. Den Titel ass um 3. Album Jagged Little Pill vun der Kanadierin ze fannen a gouf deemools als 2. Single ausgekoppelt, nach ier Ironic fir de weltwäiten Duerchbroch gesuergt hat, ma Hand In My Pocket hat deemools mol guer net sou eng schlecht Figur an den Charts gemaach. D'Lidd war a Kanada op der 1., 7 an Neiséiland an op der 26. Plaz bei de Britten.

Wéi gesot, eng akustesch Coverversioun vun Hand In My Pocket hunn d'Imagine Dragons viru 5 Joer am Kader vun enger Session an den Allsaints Studio opgeholl. Op deem Mini-Album sinn dann och nach akustesch Versioune vu Thunder, Believer a Whatever It Takes ze fannen.