Am Mierscher Lycée Ermesinde hunn Schüler mat Hëllef vun der "Tea Bag Method" d'Qualitéit vum Buedem op verschiddene Plaze vun der Uertschaft analyséiert. Et ass déi éischte Kéier, datt dës Mesure zu Lëtzebuerg duerchgefouert gouf. De Marc Hoscheid war mat de Nowuessfuerscher Téibeidelen ausbuddelen.

24/05/2022 Wann den Téibeidel an de Buedem gezappt gëtt (Internet)

Téi gëtt et mat deenen ënnerschiddlechste Goûten, awer op ënnert deene sëllegen Varianten och eng ass, déi no Buedem schmaacht, ass éischter onwarscheinlech. Mee d'Schüler aus der Entreprise Science, ee vu 15 "Betriber" aus dem Mierscher Lycée Ermesinde, déi um Projet "Tea Bag Index" deelgeholl hunn, wollten och keng alimentaire Marktlücke besetzen, mee mat Hëllef vun Téibeidelen d'Qualitéit vum Buedem analyséieren. Den "Tea Bag Index" geet op eng wëssenschaftlech Initiativ aus dem Joer 2013 zeréck, et sollt eng standardiséiert Method entwéckelt ginn fir déi mikrobiologesch Aktivitéit am Buedem ze moossen. Dës Informatioun ass wichteg fir ze wëssen, wéi vill Kuelestoff de Buedem banne kann. Kuelestoff, deen net am Buedem gebonne gëtt, klëmmt an d'Atmosphär a gëtt do zesumme mat Sauerstoff zu CO2.

De Projet zu Miersch war déi éischte Kéier, dat Donnéeën op dës Manéier zu Lëtzebuerg gesammelt goufen. Mëtt Januar hunn d'Schüler op aacht verschiddene Plazen um Site vum Lycée am Ganzen 48 Téibeidele vergruewen. D'Alessia war do derbäi an erzielt, wéi hatt dat erlieft huet.
Alessia:  "Mäi Kolleeg hei war och derbäi, mir sinn mat zwee anere Kolleegen an de Labo gaangen an kruten alles erkläert, och wann d'Erklärung e bëssi komplizéiert war. Dunn hunn mer d'Téibeidele gewien, dobäi krute mer gehollef, wëll mer net richteg eens ginn sinn. Dunn sinn mer an der Grupp rausgaangen an krute gewisen, dat mer d'Téibeidelen aacht Zentimeter déif am Buedem vergruewe sollen. Dono sinn ech mat mengem Kolleeg dohanne bei d'Waasser gaangen a mir hu se dernieft an de Buedem gemaach. Dat war ee ganz flotten an interessante Projet "

Nodeems d'Beidele vun zwou verschiddenen Téizorten vergruewe waren, goufen d'Plaze markéiert. Den 21. Abrëll goufe se rëm ausgebuddelt, zwee Deeg bei 50 Grad dréchne gelooss an rëm gewien. Dono gëtt gekuckt, wéi héich den Gewiichtsënnerscheed ass. Dësen entsteet doduerch, dat d'Mikroorganismen, déi sech am Buedem befannen, een Deel vum Téi zersetzen. Mat enger spezieller mathematescher Formel gëtt dann den "Tea Bag Index", dee sech aus zwee Faktoren, dem Grad vun der Zersetzung an dem Stabilisatiounsfaktor zesummesetzt, berechent.

RTL

Bei de Resultater vu Miersch fält op, datt déi mikrobiologesch Aktivitéit éischter niddreg ass. D'Ënnerscheeder tëscht deene verschiddene Plaze sinn virun allem op d'Fiichtegkeet vum Buedem an den Afloss vum Mënsch zeréckzeféieren. Deen ass beispillsweis am Gaart méi héich wéi am Bësch. Um internationale Niveau spillt par Konter de Klima d'Haaptroll. De Vergläich mat anere Länner ass awer nëmme bedéngt méiglech, well d'Miessungen zu Miersch just am Wanter duerchgefouert goufen. Virun dësem Hannergrond hofft de Gaëtan Fourvel vun der Ëmweltverwaltung, dat et an Zukunft nach weider Miessungen zu Lëtzebuerg wäert ginn.

Ga¨tan Fourvel: "Nous, on aimerait bien aussi faire un peu de publicité, pour si jamais il y a d'autres lycées ou d'autres écoles ou d'autres organisations qui veulent participer. A côté des écoles et lycées je pense par exemple aux associations de jardinage, des citoyens quelconques qui veulent étudier plus particulièrement le sol de leur jardin. Ils pourraient aussi participer et collecter des données et se renseigner sur la vie des sols."

D'Resultater kann ee fotograféieren an mat der Tea Bag Index Citizen Science App direkt un d'Fuerscher secken.

De Mierscher "Tea Bag Index" gouf am Kader vun der Fuerscherwoch vum Lycée Ermesinde presentéiert. Dës wëssenschaftlech Foire gëtt all Joer vun LEM.SCIENCE organiséiert an et bedeelege sech tëscht 80 an 120 Schüler, déi ronn 20 Projete virstellen a Workshops ofhalen. De Claude war zwar net Deel vum Projet "Tea Bag Index", mee huet eng Ausstellung zur genereller Bedeitung vum Buedem op d'Been gestallt. Hien erkläert firwat.

Claude: "Well de Buedem wichteg fir eis alleguer ass, fir de Mënsch, fir d'Déieren an fir d'Planzen. Leider gëtt en ëmmer rëm futti gemaach, dowéinst ass et wichteg, sech drëm ze këmmere an ze wësse wat de Buedem ass, wéi et eisem Buedem geet an wéi een eisem Buedem hëllefe kann."