Am Kannerpodcast vun dëser Woch ginn 2 Themen aus der Aktualitéit beschwat a kannerfrëndlech erkläert. De Loïc Juchem zielt de Kanner wisou den Dag géint Homo-,Bi-, an Transphobie wichteg ass a wisou jiddereen déi Persoun ka gären hunn, déi ee wëll. Am 2ten Deel vum Kannerpodcast geet et ëm d'Nato. Wat ass d'Nato a wéi eng Länner wëllen elo dem Gruppement bäitrieden? D'Äntwerte ginn et am néien "Firwaaat? - de Kannerpodcast". D'Froe komme vum Luca.

23/05/2022 Kannerpodcast

An du kanns och emol an eisem Podcast mat dobäi sinn. Wanns du am Cycle 3 oder 4 bass, da mell dech einfach ënnert firwat@rtl.lu a mat e bësse Chance héiere mer deng Froen scho geschwënn hei um Radio.