Säin Hutt, seng Gittar a säin Fändel mam Roude Léiw drop, dierfen ni feelen wann den Countrysänger Buffalo C Wayne op Tournée geet. Hien huet mat deene ganz Groussen zu Nashville op der Bün gestane, huet sou bekannte Leit wéi den Lyle Lovett oder Chet Atkins kennegeléiert. Fir den Opening vum Kenny Rogers 1978 an 1992 war hien mat op Russland-Tour wat een och nach a sengem bekannte Russlandfilm nokucke kann. Am Bistrot de la Presse huet hien Detailer geliwwert fir den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten. Piano: Erny Delosch

23-05-2022 RTL-Afterwork Buffalo C. Wayne (Méindeg)

Muer géint 17h20 gëtt et déi bescht Momenter aus dem Gespréich mam Pop- a Rocksänger Jimmy Martin

RTL