De Roland Miny war 7 mol bei den olympeschen Spiller an hat 25 Asätz beim Tour de France. Awer net als Sportler, mä mam Fotoapparat am Grapp. An dat nieft senger Aarbecht als Infirmier-Anästhesist, wou hien 20 Joer laang Chef vun der Intensivstatioun war. An deenen 30 Joer wou hien vir d'Revue geschafft huet, huet hien villes erlieft an e puer vun den Highlighten huet hien dem Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten opgezielt, zB d'Roserei vum Boris Becker oder d'Wiel vun der Miss Lëtzebuerg mat senger eegener Fra.
Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch

25-05-2022 RTL-Afterwork Roland Miny (Mettwoch)

Muer géint 17h20 zielt d'Romi Roth wéi eng Koppel Hamsteren bei hier doheem uneneegerode sinn, an dat mat vill Blutt op en Enn goung.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.