De Carlo Hartmann ass bekannt als Bariton. A sengem Liewen virun der grousser Karriär op der Bün souz jorelaange hien an der Bank.
Nieft senger Léift zur Mezzosopranistin Yannchen Hoffmann, mat där hien bestuet ass, spillt hien leidenschaftlech gär Dréiuergel, ass Hobbysteemetzer a well en fäert dass et zu enger Penurie vun alkoholeschem Gedrénks kéim, mécht hien säin Wäin selwer.
Am Gespréich mam Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten geet et natierlech och ëm seng Karriär, gewierzt mat Anekdoten aus der Zäit zu Wien, Shanghai a San Francisco. Piano: Erny Delosch

28-05-2022 RTL-Afterwork Carlo Hartmann (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h20 ass et um Hip Hopper Tun Tonnar, och bekannt als Turnup Tun. Hien zielt iwwer seng onerfëllten Léift a wéi dat wierklech mat deem Lidd war, dat en virun Geriicht bruecht huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.