D'Sonn huet eis déi leschten Deeg a Wochen richteg verwinnt. Awer d'Sonn ass net just eisen Frënd. Se ass och geféierlech, wann se laang dréckt a mir eis net dergéint schützen. An wat fir eis gëllt ass bei eisen Déieren net aneschter. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth well eis keng Angscht maachen, awer kleng hell Kazen sollen sech virun der Sonn an uecht huelen.

24/05/2022 Déierentipp: Sonnebriibs bei helle Kazen

D´Bianca, eng schluetwäiss Kaz mat just e puer getigeregte Flaatschen am Pelz, hat rout säfregen Plazen un den Ouerespëtzten an ënnert engem A. Dat Ganzt hat esou schläichend lues ugefaangen, dass seng Leit sech uganks net richteg sécher waren, ob et iwwerhaapt wierklech eppes hätt oder net. Wéi d´Déier sech dunn awer ëmmer méi um Kapp an am Gesiichtchen gekraazt huet, an un deene béis rouden, un engem Ouer esouguer schonn e bësse schwaarze Plazen keng Fliichte méi waren, war keen Zweiwel méi: d´Bianca hat e Problem no deem séier huet misse gekuckt ginn.

24-05-2022 Déierentipp Romi Roth - Sonnekriibs - Feststellung

Heiansdo waart ee jo ze laang. Well d'Bianca zwar gär geheemelt gëtt, mä sech guer net kucke loosse wollt, waren seng Leit och net begeeschter fir et an d'Consultatioun ze bréngen.

Mä hei war et elo héich Zäit. Obwuel et eng reng Appartementskaz ass, sëtzt et immens gär um Fënsterbriet an der Sonn. E bëssen Tissu, als Biopsie an de Labo geschéckt, huet kee gudden Diagnostik bruecht. Dem Bianca seng rëffeg Plazen waren béisaarteg, et hat de Sonnekriibs. Fir säi Liewen ze retten hu seng béid Ouereläffelen an och d'Plaz ënnert dem A missen ewechoperéiert ginn. Seng Famill wäert et an Zukunft aus der Sonn halen, a seng Prognos fir e Weiderliewen ouni Metastasen ass nawell zimmlech gutt.

24-05-2022 Déierentipp Romi Roth - Sonnekriibs - Behandlung