Dat Wuert "Spillschoul" verbënnt u sech zwee Wieder déi sou net direkt beieneen passen. "Spillen" a "Schoul". Mä an dëser Rubrik versiche mer jo och ëmmer Iech d'Gesondheet kannerliicht ze presentéieren a verständlech ze maachen. Den Dr Marc Keipes, Direkter vum ZithaGesondheetszenter op der Gare ass op eng interessant Etüd gestouss, wou gekuckt gouf wat d'Gesondheesförderung bannent 10 Joer bewierkt.

Fir dës Studie sinn bal 4.000 Kanner tëscht 3 a 5 Joer a Spuenien, Kolumbien a Spanish Harlem wärend 4 Méint iwwert hire Kierper, hier Gesondheet, d'Wichtegkeet vun der Ernierung, Beweegung, Emotiounskontroll opgekläert ginn. Gläichzäiteg sinn aner Schoulklassen déi parallel waren ouni di Schoulung gelooss ginn.

21-05-2022 Gesondheetstipp Dr Marc Keipes - Spillschoul a Gesondheet Etüd

An d'Etüd ass vläicht aneschter op en Enn gaangen wéi ugangs geduecht.

Ganz erstaunlech war, dass d'Kanner déi wuel vereinfacht Messagen verënnerlecht hunn. Si hunn souguer hir Elteren a Famill positiv beaflosst. Den Impakt vun de Kanner op d'Elteren huet den Auteuren no souguer méi grouss geschéngt wéi deen vun den Elteren op d'Kanner. Eis Liewensgewunnechten forméieren sech also ganz fréi, an e gesonden Liewensstil hält Iech e Liewen laang gesond.

21-05-2022 Gesondheetstipp Dr Marc Keipes - Spillschoul a Gesondheet Explikatioun