Ëm Walfësch an Delfinen, em Gléck a sech gutt ze fillen an ëm e Krimi gemëscht mat Witz, goung et gëschter am LIVE! planet people. Pierre Gallego, Gina Schöler an Paul Heinesch waren d'Invitéen vum Raoul Roos.

RTL

De Pierre Gallego ass en Déierendokter dee sech op Walen an Delfinen spezialiséiert huet. De Cofondateur an Vizepresident vun der asbl Odyssea Lëtzebuerg huet säin Wëssen zu Gibraltar, an der Dominikanescher Republik, um Äquator an am Mosambik vergréissert. Am Virfeld vum "World Ocean Day" den 9. Juni, ass de Mieresfuerscher elo just vun enger Fuerschungsrees a Mexico erëm, wou hien spannend Biller vu Bockelwaler matbruecht huet.

28-05-2022 LIVE (1) Pierre Gallego
RTL
RTL

d'Gina Schöler ass déi däitsch Ministesch fir Gléck. Wann een weess, wat een zefridde mécht, kann een sech och selwer motivéieren an encouragéieren schreift si an hirem Buch "Glück doch mal!" Déi 99 interaktiv a kreativ Challengen weisen dass mir eist Gléck selwer an de Grapp huele kënnen, wa mir eis e bësschen aus eiser Komfortzon erausbeweegen, an eis an dat faarwegt Liewen trauen.

28-05-2022 LIVE (2) Gina Schoeler
RTL
RTL

De Paul Heinesch ass ënner d'Auteuren gaange, mat dem Krimi "Branntewäin" deen och mat Witz gewierzt ass. De gréissten Afloss op de Sujet vum Buch huet säin Wunnsëtz Stadbriedemes. Op 241 Säiten fënnt een e Mix aus Krimi a Komedie an och e sëllegen Spréchwierder dierfen net feelen. 2 Joer Aarbecht stiechen am Buch dat am Eegeverlag erauskoum, an d'Aarbecht vum Kommissär Jean-Paul Gauthier beschreift.

28-05-2022 LIVE (3) Paul Heinesch
RTL