Wäiner aus der ganzer Welt konnt een dëser Deeg op der ProWein zu Düsseldorf kenneléieren. Och aus Länner a Regiounen déi engem manner geleefeg sinn.

E Land wat déi Kéier besonnesch mat senge Wéngerten a Regiounen am Fokus stoung, et pour cause, dat war d’Ukrain.
De Christian Schmit war op der ProWein an hat sech fir Wäiner a Crémant aus deem Land interesséiert.

28/05/2022 Eàin aus der Ukrain (MAT USO)

Anastasia Markova, Marketing Manager of the Shabo Company. Ich bin so froh in Deutschalnd zu sein, und alles ist wunderbar. 

Wéi een du mol endlech bis do war. Well d'Rees op Düsseldorf, alles anescht wéi evident. Eng Odyssee?

Et war wierklech net einfach fir di ganz Ekipp heihin ze kommen. Ech wunnen zu Kiev an hu misste mam Auto op Warschau fuere, fir do de Fliger ze huelen. Déi aner liewe bei Odessa, a sinn an di moldawesch Haptstad Chisinau gefuer, a vun do aus geflunn. Anerer hunn zousätzlech nach eng speziell Permissioun missten hu fir iwwerhapt dierfen auszreesen. Well d'Männer jo am Moment d'Land net dierfe verlossen.

Mat 1200 ha zielt den Domaine Shabo, eng 70km vun Odessa um schwaarze Mier zu de ganz groussen an der Ukrain. Si waren och di eenzeg déi et gepackt hate fir e Stand op der ProWein ze hunn.

Jo mir sollten eigentlech zu vill méi hei sinn. E grousse Stand mat Wäiner aus der Ukrain war an Zesummenarbecht mat eisem Ausseministère geplangt. Mee doraus gouf näischt, an dofir gesäit een och elo vill eidel Plaz nieft eis. Mir hoffen awer dass et fir d'nächst Joer klappt. 

Eng logistesch Erausfuerderung koum dobäi fir alles mat Zäiten op Düsseldorf ze kréien. Et koum just eng Firma a Fro, an d’Käschten hätten sech verdräifacht.

Wéi eng Zorte ginn op hirem Domaine ugebaut?

Mir bauen eng 20 Zorten un, bekannter wéi Chardonnay, Merlot, Cabernet Sauvignon a Sauvignon Blanc. Awer och därer déi et just bei eis ginn. Zorten déi aus Georgien eriwwer bei eis koumen. 

An da komme mir och nach op hire Brandy ze schwätzen?

Jo mir produzéiere ganz vill Brandy. Wéi soe mir ëmmer, mam Brandy verdenge mir Geld, an d'Wäiner sinn eis Passioun.

Mee net nëmme Stellwäiner, och excellente Mousseux gehéiert zum Portfolio.

"Stand with Ukraine" stoung iwwer dem Stand op der ProWein ze liesen. An d‘Solidaritéit fir hir Produiten ass enorm?

Ech ginn iech just e Beispill. Mëtt Februar hu mir eng Liwwerung mam Schëff gehat fir an d'USA. Mee dat wat soss an 3 Méint verkaf gëtt, war déi Kéier an 3 Woche fort.

Dat gëllt och fir den ukrainesche Wodka, deen och de Wee un de Rhäin fonnt hat.

Am Moment leeft den Export mam Camion iwwer Rumänien, an da vun do mat Schëff a Fliger uechtert d’Welt.

Mir hunn eng gewëss Logistik déi méi oder manner klappt. Vu dass mir no un der rumänescher Grenz sinn, kenne mir eis Wäiner mam Camion dohi bréngen a vu Constanza aus gi si dann verschëfft.

Eng Wäi Kultur gouf et iwwregens schonn am 4. Joerhonnert viru Christus.

D’Ukrain besteet aus 4 grousse Wäiregiounen. Dee gréissten Deel am Südwesten no un der moldawescher Grenz. Et ginn awer och Wéngerten am Westen am Transkarpate Gebitt no un der Slowakei, Ungarn a Rumänien.

E kontinentaalt Klima mat waarme Summer a strenge Wanter mat bis zu -30 Grad prägen de Goût, d'Qualitéit an de Charakter vun de Wäiner.

2019 goufen 41500 ha Wéngert an der Ukrain ugebaut, mat enger Produktioun vun 1,3 Milliounen Hektoliter.

Mir soe Merci fir d’Gespréich a wënschen de Wënzer, an der ganzer Ukrain eng besser Zukunft.

RTL
RTL
RTL
RTL
RTL