Wien huet nach d'Iwwersiicht bei all den Aboen, déi een ofgeschloss huet a wéi dacks klickt een op eng App wou et heescht et wier gratis an op emol gëtt se dann awer payant ouni dass een extra informéiert gëtt? Mat Sécherheet stoung dat alles am kleng Gedréckten, mä kann een säin Hals do nach emol aus der Schléng zéien oder muss ee bezuelen, en ageschriwwene Bréif maachen oder rechtlech Schrëtt ënnerhuelen? Wéi ass et wann ee vun enger Entreprise net informéiert gëtt, dass säin deiert Abo ofgelaf ass an et bezilt een dat nach ëmmer weider? Den Affekot weess d'Äntwerten.

24/05/2022 Fro den Affekot: Abonnementer

Fir d'éischt muss ee sech bewosst ginn, dass net all Abonnement d'selwecht ass. Bei dësen Ënnerscheeder gëtt et natierlech och anescht gehandhaabt, wéi een den Abo kënnegt.
Jean-Jacques Schonckert: Et muss ee prinzipiell ëmmer ënnerscheeden tëscht engem Abonnement à durée indéterminée, dat heescht, dat wat ëmmer weider leeft, do kann een am Fong all Moment stoppen. Wann een awer seet den Abonnement ass tëscht 12 a 24 Méint, do ass en délai de préavis, do kann een innerhalb vun engem Mount kënnegen. Wann een dat net gemaach huet, leeft den Abonnement weider, dann hat ee Pech. Wann een den Abonnement dann net méi wëll, muss een eben eng Strof bezuelen.

Et sollt een dann ëmmer op dat Klenggedréckt kucken, virun allem bei Saache wou eppes gratis ass oder en Deal dee vläicht ze gutt schéngt. Bei esou Gratis Siten z.B. ginn et dann dacks Saachen, déi een eréischt kritt, wann ee bezilt an do läit d'Gefor.

Jean-Jacques Schonckert: Soubal een ugeklickt huet, dass een iergendeppes wëll, da fänkt d'Keess am Fong un ze funktionéieren. Do muss een dann ganz gutt oppassen. Et muss een déi allgemeng Vertragsbedingungen liesen an do steet dat dacks dran. Meeschtens steet awer net dran, dass et automatesch verlängert gëtt. Dat ass zu Lëtzebuerg och net gereegelt, do muss ee ganz gutt oppassen, soss kann ee mol an d'Laberente kommen.

A Frankräich an an der Belsch ass et dann awer scho Virschrëft, dass ee raschreiwe muss, dass et sou en Abonnement ouni Kënnegung einfach verlängert gëtt. Sou Kënnegunge sinn elo awer och net esou einfach, wéi se u sech kéinte sinn.

Jean-Jacques Schonckert: Wéi kënnegen ech? Ech hunn den Abonnement jo iwwer Internet gemaach an dacks muss een d'Kënnegung awer den traditionelle Wee maache muss, per Recommandé iwwer d'Post. Déi stinn all Dag op an iwwerleeën, wéi kann een do dat Bescht draus zéien, zum Nodeel vum Consommateur. Do muss ee ganz ganz gutt oppassen.